
Fir deen zweeten RTL Jobdag vum Joer geet et an de Minett. Vu moies 8 bis owes 18h gëtt et en Donneschdeg nees e groussen Maart mat Jobofferen aus alle Beräicher. D'Patronen sinn zum Deel selwer op der Plaz, oder Leit aus dem Personalbüro, déi awer net just d'CV'en asammelen mee och d'Leit op der Sich beroden a sech no gudde Leit fir de Betrib ëmkucken. Am Virfeld stelle mer Iech awer och hei um Radio schonn e puer interessant Profiller vir.
Mir drécken deenen 3 d'Daumen, an net just hinnen. En Donneschdeg soll jiddereen dee sicht um Belval laanscht kommen, fir do säin Bescht ze versichen bei den 90 Entreprisen déi 10 Stonne laang mat engem Stand present sinn. All Stonn stelle mer awer och hei um Radio 2 Betriber vir, déi rekrutéieren. Op jobdag.lu fann der awer och elo schonn iwwer 7200 fräi Plazen déi op de gëeegenten Kandidat waarden fir besat ze ginn. A Rendez-vous iwwermuer vun 8 Auer un um RTL Jobdag um Belval.