D'Handelsbezéiungen tëscht den USA a Kanada stinn nees op der Kipp.

Den US-President Donald Trump huet d’Gespréicher mat der kanadescher Regierung ofgebrach, dat aus Roserei iwwer eng Reklamm, an deem den Ex-US-President Ronald Reagan Taxe kritiséiert.

Den Trump huet op senger Plattform Truth Social geschriwwen, d’Verhale vun de Kanadier wier "onméiglech“ an hie géif dowéinst all Gespréich stoppen.

De kanadesche Premierminister Mark Carney huet sech dovunner net beandrocke gelooss. Hien huet kloer gemaach, datt Kanada sech net op Handelsaccorden aloosse wäert, déi nëmmen den USA Virdeeler bréngen.

Schonn dëst Joer hat den Donald Trump nei Taxen op kanadesche Stol, Aluminium an Autoen agefouert, wat zu Géigemesurë vu kanadescher Säit gefouert huet. D'Verhandlunge sollten eigentlech e Kompromëss fir déi betraffe Branchë bréngen.