Header Background
Zeréck

Digital-Marketing-Manager(in)/Content Creator am Politikberäich

CSV-Fraktion

Online säit01.12.2025

Bass Du politesch interesséiert a wëlls gestalte? Da bass Du bei eis richteg: D’CSV-Fraktioun sicht eng kreativ, engagéiert Persoun, déi zousätzlech Energie, Iddien a Passioun an eis digital Kommunikatioun bréngt.

Mir wëllen opfalen, begeeschteren an nei Weeër goen – an dofir brauche mir däin Talent!

________________________________________

💡 Deng Missioun

•            Du kreéiers frëschen, modernen a qualitativ héichwäertege Content fir eis sozial Medien

•            Du bass mat dobäi, wann et ëm Strategie, Storytelling an d’Entwécklung vu Kampagnen geet.

•            Du hues Aen fir Grafik & Design a Gefill fir Video & Foto– vum kreative Konzept bis zur Produktioun.

•            Du bass Deel vum Kommunikatiounsteam a bréngs deng eege Iddien mat eran

________________________________________

🎯 Wat mir sichen

•            Eng Persoun mat Kreativitéit, Humor an engem gesonde Gespier fir Trends.

•            Erfarung am Grafik- an/oder Video-Design

•            Interessi u Politik & gesellschaftlech Sujeten – a wéi een dat modern a verständlech erzielt.

•            Selbststänneg, motivéiert, an ëmmer e Schratt viraus.

________________________________________

🚀 Wat mir ubidden

•            Eng Aarbechtsplaz, wou deng Iddie wierklech Gehéier fannen.

•            Vill Fräiheet fir kreativ Entfaltung.

•            Motivéierend Ëmfeld an engem engagéierten Team.

Virgeschloene Kontrakt:
Typ vum Kontrakt:CDI
Plaz vun der Schaff : Luxemburg
Back to Top
CIM LOGO