
Besonnesch ass dëst net nëmmen, well eng 100 Joer laang Traditioun nees weidergefouert gëtt, mä well de Major den éischten “First Dog” wäert sinn, deen net vun engem Ziichter kënnt, mä aus engem Déierenasyl staamt.
Et ass kee Geheimnis, dass vill fréier US-amerikanesch Presidenten Déierefrënn waren. Ënnert anerem den George Bush senior, Ronald Reagan an Jimmy Carter haten Hausdéiere wärend hirer Amtszäit. Meeschtens ware Muppen déi trei Begleeder un der Säit vun den US-amerikanesche Presidenten. Dem Barack Obama säi portugisesche Waasserhond Bo war de leschten Hond an de véier Wänn vum Wäissen Haus.
Den Donald Trump war domat den éischte President zanter dem Warren G. Harding an den 1920er Joren, dee mat der Traditioun gebrach hat, zesumme mat engem Véierbeener, ob Hond oder Kaz, ënnert engem Daach an der Pennsylvania Avenue 1600 ze wunnen. “Wéi géing dat ausgesinn, wann ech mat engem Hond iwwert d’Wiss vum Wäissen Haus géing spadséiere goen?”, hat den aktuellen US-President wärend enger Videoopnam gefrot, déi den Joe Biden fir säi Walkampfspot benotzt huet.
D’Roll vun de Véierbeener ass wärend der amerikanescher Presidentschaft net z’ënnerschätzen. Ënnert anerem dem Bush säin Hond hat deemools fir grouss Schlagzeile gesuergt, wéi hien e Reporter gebass hat, oder dem Teddy Roosevelt säi Bullterrier, deen engem franséische Botschafter d’Box futti gemaach hat. Net ze vergiessen dat positiivt Image, dat een am Walkampf als Hondsbesëtzer vermëttele kann.
Ma net just Kazen an Hënn hunn et sech zu Washington gutt goe gelooss. Den John F. Kennedy hat 3 Ponyen, den George Washington en Iesel, den Andrew Jackson e Papagei, dee stänneg geflucht huet, an den Herbert Hoover hat esouguer 2 Alligatoren.