
Dowéinst hätt een d’Decisioun geholl, de Wal anzeschléiferen, huet d’Koordinatorin vun der Organisation British Divers Marine Life Rescue (BDMLR), d’Julia Cable, erkläert.
D’Experte sinn dovunner ausgaangen, dass d’Déier de Wee zeréck an d’Mier net iwwerlieft hätt. Si mengen, dass hie warscheinlech vu senger Mamm getrennt gouf an net an der Lag war, sech selwer ze versuergen.
E Sonndeg gouf den 3-4 Meter laange Minkwal südwestlech vu London gesinn. Hie gouf an enger Schleis un d’Ufer geschwemmt. D’BDMLR hat versicht, hien aus senger mësslecher Lag ze befreien, ma de Wal ass aus enger Sécherungslénkt gerutscht an a Richtung Floss geschwommen, amplaz a Richtung Mier.
Normalerweis liewen dës Déieren am nërdlechen Atlantik a Pazifik. Am erwuessenen Alter erreeche si eng Längt vu bis zu 10 Meter.