
Eng Dier fir op den Aarbechtsmaart steet engem en Donneschdeg nees grouss op, well net manner wéi 100 Patrone stinn duerch déi ganz City Concorde verdeelt a siche fläisseg no Leit, déi hir Ekippe verstäerke kommen. A wann een elo net just op säin Dramjob aus ass, mee och e puer Beräicher an d’A faasst, wou ee sech säi Liewe verdénge kann a seng Erfëllung fënnt, kann ee bestëmmt dat Richtegt fannen. Ënnert hinnen och zwee Leit, déi schonn méi laang sichen. De Patrick Greis huet sech mam Andrea a Jonathan ënnerhalen.

De Jonathan géif gäre Betriber hëllefen, mat KI eens ze ginn. Hinnen d’Angscht huelen an hëllefen, sech nei opzestellen.
De Jonathan ass vun deenen neie Méiglechkeete begeeschtert a géif säi Wësse gär weiderginn.
Iwwerzeegung ass alles an de Jonathan gesäit méi positiv wéi negativ Aspekter.
Beim Andrea ass d’Sich no Aarbecht eng ganz aner.

Den Andrea schreift vill Demanden a verschéckt CVen, awer dat huet bis elo nach net vill bruecht.
Och u Stagë feelt et him net, wou hien d’Realitéit kennegeléiert huet.
An och elo wëll hien eng weider Formatioun maachen.
Am Ganze fannt Dir 6 Audio-CVe vu Leit, déi op der Sich sinn no enger Aarbecht op jobdag.lu. Op der selwechter Säit kënnt Dir och déi 100 Betriber gesinn, déi en Donneschdeg an der City Concorde present sinn, an et gëtt e Plang, wéi d’Stänn de Beräicher no opgebaut sinn.
KI Assistent + Educateur