MontrealKlenge Bier suergt fir grouss Opreegung

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet e klenge Schwaarzbier e Quartier am Groussraum Montreal e puer Stonne laang an Otem gehalen.
© AFP/Archiv/LOIC VENANCE

No enger Sichaktioun, déi sech iwwer e puer Stonne gezunn hat, ass et gelongen, de Petz an de Gäert a Beem anzefänken.

Nodeems d’Police am fréien Nomëtteg alarméiert gi war, goufen direkt e puer Stroossen am Quartier vun Dorval gespaart. Dat Ganzt net allze wäit vum Pierre Elliott Trudeau International Airport ewech. D’Bewunner goufen opgeruff, doheem ze bleiwen. Dosende Policebeamten, Pompjeeën, Mataarbechter vum Ministère fir d’Fauna a Fräiwëlleger vun der Déiererettung goufe mobiliséiert.

De Schwaarzbier, deen eréischt e puer Méint hat, huet sech fir d’éischt am Haff vun enger Residence verschanzt, ier en dunn an d’Spëtzt vun engem Bam geklotert ass. Mat Hëllef vun engem Gewier konnt dem Déier dunn e Berouegungsmëttel verofreecht ginn. 3 Dosissen hunn awer net zur gewënschte Wierkung gefouert, de Petz ass de Bam erëm erofgeklommen an huet sech an Direktioun vun engem aneren Haff duerch d’Bascht gemaach.

Do ass hien erëm op e Bam geklotert, allerdéngs net immens héich. Do ass d’Déierchen dunn awer agenäipt. D’Pompjeeën hu sech prett gemaach, fir Coussinen um Buedem opzepompelen, falls de jonke Bier eroffale géif. Géint 19.30 Auer konnt hien dunn awer ganz douce agefaangen an duerno erëm a Fräiheet entlooss ginn.

Back to Top
CIM LOGO