
Ma elo hunn d’US-Autoritéiten ronn 70 Raubkaze vum Privatzoo-Bedreiwer beschlagnaamt. Déi 68 Léiwen, Tiger a Léiwen-Tiger-Mëschlingen wéi och e Jaguar goufen aus dem “Tiger King Park” a Thackerville am Bundesstaat Oklahoma geholl.
De Proprietären Jeffrey a Lauren Lowe gi Verstéiss géint d’Gesetz fir de Schutz vu bedroten Déierenaarte virgehäit. De Justizministère schwätzt vun enger mangelhafter Betreiung duerch d’Veterinären an enger inadequater Narung. Doriwwer eraus wier d’Gehege ze kleng an d’Déieren hätten net genuch Schutz viru schlechtem Wieder.
D’Koppel Lowe ass aus der erfollegräicher Netflix-Serie “Tiger King: Großkatzen und ihre Raubtiere” bekannt. Déi Zwee haten den “Greater Wynnewood Exotic Animal Park” vum Privatzoo-Betreiwer Joe Maldonado-Passage alias Joe Exotic, deen antëscht am Prisong sëtzt, iwwerholl. D’lescht Joer hu si d’Déieren dunn an eng nei Anlag, den “Tiger King Park” an Thackerville, bruecht.
Do hunn d’Inspekteren dunn awer ëmmer erëm Verstéiss géint d’Déiereschutzrecht festgestallt. De Fall ass viru Geriicht gelant - an elo goufen déi knapp 70 Raubkazen a Sécherheet bruecht. Den Nicholas McQuaid vum Justizministère huet vun engem “signifikanten Déiererettungsasaz” geschwat. D’Grousskaze wieren elo an e “verantwortungsvollen Déierepark” bruecht ginn, wou se net géifen “ausgebeut” ginn.
Den Joe Exotic selwer war 2018 festgeholl ginn an am Januar 2020 zu 22 Joer Prisong verurteelt ginn. Hien hat versicht, d’Déiererechtsaktivistin Carole Baskin ëmzebréngen. Ausserdeem gouf hie wéinst Verstéiss géint d’Déiereschutzbestëmmunge verurteelt. Am Juni 2020 goung säi Privatzoo un d’Carole Baskin - allerdéngs ouni d’Déieren, déi bis elo am Besëtz vun der Koppel Lowe bliwwe waren.