BangladeschKrokodil agefaangen, dat als ausgestuerwe gegollt huet

RTL Lëtzebuerg
D'Awunner hunn net schlecht gestaunt, wéi si de Séisswaasser-Krokodil entdeckt hunn, deen e puer Joerzéngte verschwonne war.
© AFP

50 Joer laang ass een dovunner ausgaangen, dass eng bestëmmten Zort vu Krokodiller am Bangladesch ausgestuerwe wier. Enn Juli gouf an engem Duerf am Bezierk Faridpur eng Decouverte gemaach, déi dausende vu Leit ugezunn huet. D’Awunner hunn nämlech en 2,3 Meter laangt an 10-12 Joer aalt männlecht Déier agefaangen, vun deem een duecht, dass et ausgestuerwe wier.

D’Autoritéite ginn dovunner aus, dass de Krokodil iwwert den 2.500 Kilometer laange Ganges aus Indien komm ass, erkläert den Nirmal Kumar Paul AFP géintiwwer.

Doropshi gouf en an en Zentrum fir wëll Déiere bruecht, laangfristeg soll en awer an engem Zoo ënnerkommen.

A fräier Natur liewen dës Séisswaasser-Krokodiller an Indien, Pakistan, Nepal, Sri Lanka an Iran. Schätzungen no ginn et weltwäit nach 5.400 bis 7.100 där Exemplaren. Am Bangladesch gouf de leschte liewege Krokodil vun där Zort viru 50 Joer gesinn, mellt d’IUCN.

Back to Top
CIM LOGO