Dat Buch dat mir Iech haut an eiser Lecture vun heiheem virstellen, ass an engem ganz eegewëllege Format geschriwwen. 4 Kuerzgeschichten! kéint een op den éischte Bléck mengen...mä ganz esou einfach ass dat net. D'Bea Kneip huet sech mam Jeff Schinker iwwer säin neit Buch mam Titel "Sabotage" ënnerhalen.

Sabotage

"4x4", dat war ee vun den Titelen déi fir dem Jeff Schinker seng neiste Publikatioun a Fro koumen. Aus guddem Grond: Well et dréint sech villes ëm d'Zuel 4. Zum Beispill, dass et a 4 verschiddene Sprooche geschriwwen ass, op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. Fir de Lieser setzt dat viraus, dass en sech an all deene Sproochen eenegermoossen doheem fillt.

Team-Building! Den hellege Gral vun der Aarbechtswelt 2.0, en absolute Must fir all moderne Betriib, an den Titel vun der éischter Geschicht. Vun Team ass allerdéngs wéineg ze spieren. Am neoliberalen Dschungel geet et haart op haart, et heescht friessen oder gefriess ginn...Wann een dann eng Schaff huet, oder eng sicht, well dorëms geet et an der zweeter Geschicht mam Titel "Karoshi". An der véierter Geschicht gräift de Jeff Schinker da mat béiden Hänn an d'Geschiirkëscht vum Geschichtenerzieler, spillt mat verschiddene Perspektiven an Erzielniveauen. A jo, besonnesch Foussnouten hunn et him ugedoen, an hie bréngt et souguer fäerdeg des klassesch Erzielfloss-Killer an d'Handlung mat anzebannen. Net ze vergiessen: et däerf och emol gelaacht ginn!

An dësen dacks schwaarzen Humor zitt sech duerch d'ganzt Buch. Wann een et dann no ronn 260 Säiten nees zouklappt, huet een op eemol net méi d'Gefill 4 onofhängeg Kuerzgeschichte gelies ze hunn, mä éischter en zesummenhängenden Text. Eigentlech ass dat erstaunlech, well den Auteur mécht e senge Lieser net ëmmer einfach. Net nëmme wéinst de verschiddene Sproochen, mä och well e wéineg Informatioun iwwer seng Personnagen ubidd, sou dass een sech se souzesoe selwer ausmole muss. Dobäi hëllt en heiansdo wäit aus, Digressioun als Stilmëttel. Wann een dem Jeff Schinker a senger éischter Novelle "Retrouvailles" nach konnt virgeheien, dass säi Sproochgebrauch eng Grimmel ze schwéierfälleg a seng Sätz ze laang wieren, da weist en a Sabotage wat e wierklech kann, mat vill Léift fir d'Sprooch an d'Sproochen e Konzept duerchzezéien, dat eigentlech esou net dierft fonctionnéieren, mä: et klappt trotzdem. Do kann nëmmen Sabotage am Spill sinn!

"Sabotage" vum Jeff Schinker ass bei Hydre éditions erauskomm

© RTL/Bea Kneip