Schonn als Kand huet d'Anouk Mahr gäre Geschichte geschriwwen, elo, mat 19 Joer, huet hat säin éischte Roman verëffentlecht.

An eiser Lecture vun heiheem stelle mer Iech haut eng ganz jonk Autorin vir. D'Anouk Mahr gouf scho beim Prix Laurence ausgezeechent an huet elo mat 19 Joer hiren éischte Roman verëffentlecht. "Lautlos" erzielt d'Geschicht vum Lucinda, engem jonke Meedchen dat ënner totalem Mutismus leid, enger ganz seelener psychescher Stéierung.

"Lautlos"

De Buchcover vu vir / © éditions Guy Binsfeld

De Buchcover vun hannen / © éditions Guy Binsfeld

D'Lucinda huet 16 Joer, ass ausgesprachen intelligent an huet och kee Problem mam Gehéier. Doheem spillt hat gäre Schach géint sech selwer, a lauschtert mat Virléift klassesch Musek. Nëmme just: hat kann net schwätzen. Et ass him wuel bewosst, dass dat net ëmmer esou war, mä un déi Zäit viru sengem Mutismus huet hat keng Erënnerungen. Seng Elteren, de Leon an d'Margerite, loossen näischt onversicht fir hirem Meedchen ze hëllefen. Nodeems d'Lucinda e groussen Deel vu sengem Liewen a Clinique verbruecht huet, hu si elo decidéiert fir an eng aner Stad ze plënneren, an him en Neiufank an enger ganz normaler Schoul ze proposéieren. An iergendwéi gelengt dat och: d'Luce, wéi hat sech selwer nennt, muss sech zwar permanent iwwerwannen, mä mat der Hëllef vu senge Matschüler kann hat trotz sengem Mutismus a senge sozialen Ängscht op d'mannst e bëssen un hierem Liewen deelhuelen. En Ausflug an e Reitstall verännert säi Liewen: an dem blanne Päerd Miracle fënnt hat net nëmmen e Frënd, mä villäicht och den Ufank vu sengem ganz perséinleche Wonner.

Op den éischte Bléck kléngt dat e bëssen no Cliché a Reitstallromantik, mä domat géif een der jonker Autorin Onrecht doen. De Roman ass gutt recherchéiert, kloer strukturéiert a kann och sproochlech iwwerzeegen. Donieft weist d'Anouk Mahr eng grouss Empathie mat all hiere Personnagen, net nëmme mam Lucinda.

Bei der éischter Liesung zu Beetebuerg virun e puer Wochen war nach e bëssen Nervositéit ze spieren. Mä en eegent Buch fäerdeg gedréckt an der Librairie leien ze gesinn, ass fir d'Schülerin vun enger A-Sektioun eng ganz besonnesch Erfahrung

Dass "Lautlos" d'Wierk vun enger jonker Autorin ass, mécht et ëmsou méi authentesch. An natierlech mécht et och virwëtzeg, dorop wéi hir literaresch Carrière sech an den nächste Joren a Jorzéngten nach wäert entwéckelen.
"Lautlos" vum Anouk Mahr ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.Et ass iwwregens dat éischt Buch dat an der neier Literaturserie bei Binsfeld publizéiert gëtt, mat engem éischter ongewéinleche Coverdesign, bei dem dee viischten an den hënneschte Cover souzesoen géinteneen ausgetosch goufen. Wéi dat ausgesäit, kënnt Dir elo och op rtl.lu entdecken.