Mat hirem Erzielband "Chamäleons" huet d'Anja Di Bartolomeo 2017 de Concours Littéraire National gewonnen. "Nicht zu spät" heescht hiert neitstent Wierk, eng Sammlung vun 9 Kuerzgeschichten, déi d'Bea Kneip Iech elo virstellt.

http://perma.rtl.lu/a/1269929.mp3

Wéi eng Kuerzgeschichten en Auteur fir en Erzielband eraussicht, dat ass meeschtens keen Zoufall. Och hei gëtt et e roude Fuedem den déi eenzel Geschichten mateneen verbënnt.
Ze spéit? Net ze spéit? Kann et iwwerhaapt ze spéit sinn? Dës Froen kommen an den ënnerschiddlechste Kontexter op d'Tapéit. Net ze spéit fir de beschte Kolleg no engem schwéieren Accident awer nach am Spidol ze besichen, och wann ee keng Ahnung huet wéi ee soll domat ëmgoen. Net ze spéit fir der Tatta Lotti d'Wouerecht iwwer hir Demenz-Krankheet ze soen...oder et einfach sinn ze loossen. Net ze spéit fir de Papp, fir no laange Joren endlech nees Kontakt mat sénger Duechter opzehuelen. Dacks ass Krankheet en Thema, oder besser gesot, net onbedéngt dee Kranke selwer, mä d'Ëmfeld dat sech an der Situatioun dacks schwéier deet.
Mä heiansdo ass et dann awer ze spéit, wéi fir de Fluchkapitän Klaus Michalski an "Frankfurt kommt nicht pünktlich". Oder fir de Michael dee säin Zuch op Gleis 7 esou just verpasst huet...an doriwwer eigentlech ganz frou ass. Déi Geschichten kënnen en Happy End un, dat muss awer net sinn...
En anert Thema, dat e puer mol ugeschwat gëtt, ass dat vum Mobbing.

Och beim Mobbing stellt sech natierlech d'Fro: wat hätt ee kéinten, oder missten anescht upaken? An ass elo nach Zäit fir et besser ze maachen?

Eppes besser maachen, kann een natierlech och a ganz alldeegleche Situatiounen. A wann eppes schif geet, da geschitt dat net ëmmer vun engem Moment op deen aneren, mä dacks just no an no, esou lues, dass een et guer net emol an uecht hëlt. Sou wéi an der Geschicht "Elisa tanzt nicht mehr", déi rezent bei engem Diskussiounsowend an der Abtei Neimënster jo souguer an den Aen vun den internationale Kritiker Gnod fonnt hat. Eng Geschicht zu der d'Anja Di Bartolomeo eng Anekdot parat huet...
Den Text war nämlech ee Moment aus dem Computer verschwonnen, a konnt no laangem Hin an Hier duerch d'Wuert "Telleraugen", dat am Text virkënnt, erëmfonnt ginn.
A wéi engem Kontext dat Wuert "Telleraugen" an der Geschicht optaucht, dat musst der allerdéngs selwer noliesen!

Personnagen a Situatiounen si bei der Anja Di Bartolomeo dacks bewosst iwwerzeechent duergestallt. Mä doru sollt een sech net stéieren, wann ee bedenkt, dass d'Liewe selwer heiansdo nach méi bizare Konstrukter schafe kann. Op alle Fall ass "Nicht zu spät" eng agreabel Lecture, déi an dem klengen Täscheformat och gutt an d'Walliss oder an d'Handgepäck erapasst.

"Nicht zu spät" vun der Anja Di Bartolomeo ass am Verlag "Op der Lay" erauskomm. D'Anja Di Bartolomeo ass iwwregens och eng vu 6 Autoren an Autorinnen, déi den nächste Sonndeg 7te Juli beim Summerdag vun der Literatur wäerte liesen a mat Kritiker iwwer hir Bicher diskutéieren. De Rendez-Vous ass am Park vum Servaishaus zu Miersch vun 11h00 un, de komplette Programm fannt Dir op www.cnl.etat.lu. A wien se nach net gesinn huet, ka sech den Ament och déi nei Superjhemp-Ausstellung am Mierscher Literaturhaus ukucken, d'Dire sinn op vun 11h00 bis 16h00.