D'Geschicht vun der Frëndschaft tëscht dem Sioux-Meedchen Wichapi an engem Bier gëtt et och op Franséisch mam Titel: "Wichapi - étoile parmi les étoiles"

Wichapi - D' Geschicht vun enger Frëndschaft 
erauskomm bei den éditions Schortgen De Wanter ass dat Joer immens kal. Fir sech ze wiermen, spillen d’Wichapi an déi aner Indianerkanner Fänkches mateneen. Ma et gëtt ëmmer méi kal an d’Sioux beschléissen, hir Zelter ofzebauen an sech a méi waarm Géigenden zeréckzezéien. D’Wichapi wëll awer nëmme matgoen, wann et senger beschter Frëndin Ursa, deem klenge Bieremeedchen, virdrun kann Äddi soen. Ma d’Ursa ass nach am Wanterschlof … Muss D’Wichapi bis d’Fréijoer bleiwen? Wichapi ass d’Geschicht vun der Frëndschaft tëschent engem Sioux-Meedchen an engem klenge Bier, vun hirer Trennung an der Hoffnung, sech enges Daags, mat Hëllef vun de Stären, erëmzegesinn.  *** D’Marie-Isabelle Callier schreift an illustréiert Kannerbicher, déi vu verschiddene Verlagshaiser verëffentlecht an an aner Sproochen iwwersat goufen, dorënner „De Schatz vu Lucilinburhuc“ bei den Editions Schortgen. Biller vun hir sinn zu Bréissel, Lëtzebuerg, Washington, Schanghai a Paräis ausgestallt ginn. D’Marie-Isabelle Callier lieft a schafft zu Lëtzebuerg an huet déi belsch a lëtzebuergesch Nationalitéit.

Format : 21 x 21
Nombre de pages : 24 pages
ISBN : 978-99959-36-87-7
Langue(s) : Luxembourgeois
Année de parution : 11/2019