4 louche Personnagen an e Kaartespill ëm eng Läich: "Déif gekillt", sou heescht déi nei Kuerzgeschicht vum Joseph Kayser.

An eiser Lecture vun heiheem stelle mir iech all Woch een Auteur an ee Buch vir. Den Invité vun haut ass de Joseph Kayser mat senger neier Kuerzgeschicht “Déif gekillt”.

D’Geschicht spillt an engem Bistro zu Bouneweeg. Am Hannerzëmmer sëtze véier louche Personnagë Kaarten ze spillen. Ze gewannen gëtt et ... eng Läich. A grad emol 35 Säite verpaakt de Joseph Kayser eng spannend Geschicht, eng ganz Rëtsch skurril Personnagen an eng Ambiance, déi esou dense ass wéi e verfëmmte Bistro an den 1980er Joren...

De Joseph Kayser liest aus "Déif gekillt". Ausserdeem verréit hien am Interview mam Bea Kneip wéi hien un d'Inspiratioun fir säi Kuerzkrimi kënnt a wéi seng literaresch Pläng fir d'Zukunft ausgesinn.

"Déif gekillt" vum Joseph Kayser

"Lecture vun heiheem" all Woch nei op rtl.lu an als Podcast.