De Jérôme an d'Bea ënnerhale sech mam amerikanesche Schrëftsteller T.C.Boyle, den Tullio Forgiarini ass op Besuch an si huelen Iech mat op eng Rees...

An eisem neie Podcast "BicherLies" ënnerhalen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech mat dem US-amerikanesche Schrëftsteller T.C.Boyle iwwer säi Roman "Hart auf hart" an deem hien d'Phänomen vun der Gewalt an den USA analyséiert.
Ausserdeem interesséieren si sech fir déi mexikanesch an déi mëttelamerikanesch Literatur a stellen Iech eng Rei Auteuren a Bicher aus dëser Regioun vir. 
A si huelen de Lëtzebuerger Auteur Tullio Forgiarini an d'Kräizverhéier. Hie steet hinne Ried an Äntwert iwwer säin neie Roman "Céruse".

BicherLies - D'Welt vun de Bicher bei Iech doheem
RTL

RTL

© Hanser Verlag

RTL

Iwwer dës Bicher gouf am Podcast geschwat:

"Hart auf hart" vum T.C.Boyle (Hanser Verlag) Originaltitel: "The Harder they Come"
"Céruse" vum Tullio Forgiarini (Hydre éditions)

RTL

All dës Bicher sinn an eng Rei Sproochen iwwersat ginn /

"Bittersüsse Schokolade" vun der Laura Esquivel (Suhrkamp Verlag)
"Pedro Páramo" vum Juan Rulfo
"Bewohnte Frau" vun der Gioconda Belli (dtv)