"Analog first, digital last"Proffegewerkschaft APESS fuerdert e KI-Moratoire am Lycée

RTL Lëtzebuerg
D'Smartphone- a KI-Politik vum Educatiounsministère wären net stëmmeg, sou eng vun de Kriticke vun der Gewerkschaft.

D'Proffegewerkschaft APESS wëll e KI-Moratoire fir déi ënnescht Lycéesklassen an e radikale Wiessel bei deem, wat enseignéiert gëtt. De Lëtzebuergesche Bildungssystem géif aktuell Schüler forméieren fir eng kognitiv Routine-Mëttelschicht, déi wéinst KI a Robotik awer souwisou géif ewechbriechen.

Hei de komplette Communiqué vun der APESS als PDF!

D'Smartphone- a KI-Politik vum Educatiounsministère wären och guer net stëmmeg. Fir d'éischt géifen eng Screen-Life-Balance an e Smartphone-Verbuet ënnerstëtzt an dann de KI-Kompass virgestallt ginn.

D'APESS seet: "Analog first, digital last". Bei engem Expert géif KI fir méi Produktivitéit suergen, beim onräife Schüler awer net: fir d'éischt denken, duerno KI verstoen. D'Proffegewerkschaft fuerdert e KI-Moratoire vu 7e bis 4e.

KI soll am Unterrecht a fir Hausaufgaben suspendéiert ginn. An et soll e gesetzleche Schutz ginn fir all Proff, fir Kënschtlech Intelligenz an e Plattform-Zwang am eegene Cours ze refuséieren.

Back to Top
CIM LOGO