En onerkläerlecht Naturphänomen zerstéiert all organescht Liewen op sengem Wee. Dat ass d'Ausgangssituatioun vum Maxime Weber sengem Débutroman

4 Kilometer sinn et vum nächste Busarrêt bis an dat klengt Dierfche Pardeng. Wäit vum Schoss, kéint ee mengen, eng ländlech Géigend am Norde vu Lëtzebuerg, an der d’Welt, sou de gängege Cliché, nach an der Rei ass. Dat denkt sech och d’Jeanne, wéi et, frësch vun der Uni, nees zeréck a säin Heemechtsduerf kënnt. Dass an Indien en onerkläerlecht Naturphänomen eng Rei Mënscheliewe gefuerdert huet, ass fir hatt eng Newsstory, déi awer keen Afloss op säin eegent Liewen huet. Ongeféier esou wéi mir 2019 d’Nouvellë vu Wuhan héieren hunn…

Wéi dann d’Gangrän sech awer ëmmer méi séier iwwer de Globus ausbreet, ginn och déi Pardenger mat de Konsequenze vun enger globaler Katastroph konfrontéiert. Zesumme mat senge Frënn Caroline a Jean-Paul muss och d’Jeanne decidéieren wéi hatt an der Situatioun reagéiere wëll. Solle si einfach nokucken, wéi d’Welt ronderëm si ëmmer méi am Chaos ënnergeet, an hu si iwwerhaapt nach esou eppes wéi en Handlungsspillraum?

Am Interview erzielt de Maxime Weber wéi hien d’Welt ronderëm déi fiktiv Uertschaft Pardeng konstruéiert huet a wéi eng Roll Theme wéi Muecht a Muechtmëssbrauch, awer och Hoffnung an Engagement a sengem Roman spillen.

"Das Gangrän" vum Maxime Weber

De Roman "Das Gangrän" vum Maxime Weber ass bei Kremart Edition erauskomm. An:  Dir kënnt den Auteur deen iwwregens och Museker ass, live erliewen. E Mëttwoch 22sten Dezember ass hien owes um 8 Auer mat "Musik und Literatur" am  "Gudde Wëllen"  an der Stad, mat sengem Buch "Das Gangrän" a sengem Musek-Projet "Death was a Mistake" .

RTL