
© Guy Helminger
De Guy Helminger an de Bernd Marcel Gonner huelen den 12te Juni zu Merzig hiere Präis entgéint
Zënter 1999 ginn zu Merzig am Saarland all 3 Joer de Gustav-Regler-Preis an de Gustav-Regler-Förderpreis verginn. De Präis ass nom Schrëftsteller a Journalist Gustav Regler benannt, deen 1898 zu Merzig gebuer gouf.
Eigentlech sollt d'Präisverleihung un déi zwee Lëtzebuerger schonn 2020 sinn, wéinst der Pandemie huet se awer ëmmer nees misste verréckelt ginn. Fir de Guy Helminger dee viru kuerzem de renomméierte Lyrikpreis Meran gewonnen huet, an deen am Juli am CNL zu Miersch de Servais-Präis fir säi Roman "Lärm" entgéinthëlt, ass et déi drëtt Präisiwwerreechung dëst Joer.
Beandrockt huet de gebiertegen Escher duerch "Die unverkennbare stilistische Prägnanz und das vielfältige Werk eines politischen Weltliteraten", sou d'Jury an hierer Begrënnung.
Nieft deem mat 10000 Euro dotéierten Haaptpräis dee vun der Kreisstadt Merzig vergi gëtt, gëtt et och nach de Gustav-Regler-Förderpreis, dotéiert mat 4000 Euro a gestëft vum Saarländischen Rundfunk. Och dëse Präis geet fir 2020 un e Lëtzebuerger, de Bernd Marcel Gonner.

© RTL/Bea Kneip
Fir säi Kannerbuch "Pirat, oder Seeräuber sterben nie", krut hien 2016 den éischte Präis am Nationale Literaturconcours, hie schreift awer haaptsächlech Literatur fir Erwuessener, an huet dofir och schonn e sëlleche Präisser gewonnen, zum Beispill den "Deutscher Preis für Nature Writing" 2021. Seng rezentst Wierker sinn den Erzielband "Volk der Freien" an de Versepos "Oderberger" deen duerch de Géigesaz tëscht dem Inhalt (et geet ëm d'Liewe vu véier Punks zu Ostberlin ronderëm d'Zäit vun der Wende) an der dach ongewéinlecher Form vum Versepos bestécht.
De Guy Helminger an de Bernd Marcel Gonner sinn iwwregens net déi éischt Lëtzebuerger déi mam Gustav-Regler-Preis ausgezeechent ginn. De Roger Manderscheid hat de Präis am Joer 2005 gewonnen.