Wéi mir zënter e puer Woche wëssen, verstoppt sech hannert dem Pseudonym Tomas Bjørnstad keen aneren wéi den Nico Helminger

Ënnert béiden Nimm huet den zweefache Servais-Laureat elo all Kéiers en neit Buch erausbruecht: "Von der schönen Erde" ass eng Sammlung vu Skizzen a Fragmenter aus der Fieder vum Tomas Bjørnstad an de Gedichtband "Saumes Kinoplakat" ass vum Nico Helminger. Allebéid sinn se bei den Editions Guy Binsfeld erauskomm.

Am Interview erzielt den Nico Helminger vu skurrilen Erliefnisser an  erstaunlechen Zoufäll, ausserdeem geet et, ënner anerem, ëm Walrecht fir Minibaren, iessbar Puzzlestécker an... en aussergewéinlecht Schachspill.

Den Nico Helminger ass den Tomas Bjørnstad (2 nei Bicher)
RTL