Am Interview erzielt d'Kerstin Medinger vun hirem neie Roman, deen de Lieser op e Roadtrip duerch Frankräich a Spuenie féiert

Qui n’a pas rêvé de tout planter et de partir ?
Dans ce road trip déjanté, cinq marginaux – un couple lesbien âgé, deux adolescents malheureux et un écrivain désillusionné – quittent en pleine pandémie un Luxembourg inondé et s’embarquent vers le sud.
À la recherche de liberté, d’inspiration et de poésie, ils tenteront d’échapper à un destin tout tracé en se lançant dans une aventure qui changera leur vie.
Personne ne s’attendait à s’y trouver soi-même.

Fir d'Kerstin Medinger ass et e Projet deen hir perséinlech um Häerz loung:

Kerstin Medinger Fro 1

Kerstin Medinger: Jo, ganz genee. Et ass net deen éischte Roman den ech geschriwwen hunn, mä et ass deen den ech am léiwsten hunn, an ech sinn immens frou, dass en endlech dobaussen ass, an dass déi Geschicht eng Chance huet fir dobaussen ze zirkuléieren. 

"Le Départ", dat ass den Ufank vun enger Rees. Wat fir eng Rees ass dat?

Kerstin Medinger Fro 2

Kerstin Medinger:Dat ass eng existentiell Rees. Wann fënnef Personnagen déi am Fong geholl wuerklech d'Flemm hu mat hierem Liewen an déi eppes Neits brauchenan déi fortginn. Mir hu grad eng Pandemie hannert eis, mir hunn och aner Saachen wéi Iwwerschwemmungen hei zu Lëtzebuerg iwwerlieft, an déi Personnagen hunn dat matgemaach an déi brauchen eppes Neits. Dat heescht si gi fort op der Sich no sech selwer. 

Dat spillt sech op Plazen of déi Dir selwer gutt kennt?

Kerstin Medinger Fro 3

Kerstin Medinger:Jo, et ass eng Fiktioun, mä déi Plazen déi am Buch beschriwwe sinn, déi kennen ech ganz gutt. Ech hunn zu Bordeaux gelieft, ech hunn zu Paräis gelieft. Et geet Richtung Spuenien an ech sinn och Hispanistin, dat heescht ech hu Spuenesch studéiert, dat heescht, ech kennen all déi Plazen. 

Dëst Buch ass eng Zort Roadtrip?

Kerstin Medinger Fro 4

Kerstin Medinger:Jo, et ass e Roadtrip, ganz genee, wou kee Plang ass, einfach nëmme fortgoen an kucken wat op een duerkënnt, einfach eng gewësse Spontanéitéit déi mir eis meeschtens am Alldag net erlaabe kënnen. 

Eppes läit Iech an dësem Buch ganz besonnesch um Häerz?

Kerstin Medinger Fro 5

Kerstin Medinger:Jo, dat sinn d'Personnage selwer. Dat sinn zwee Teenager déi immens onglécklech sinn an déi vill schlëmm Saache materlieft hunn, an dat si Sujeten déi mir immens um Häerz leien. An dann och eng eeler lesbesch Koppel déi awer och Personnage sinn déi een net onbedéngt all Dag esou erëmfënnt, virun allem an der Literatur. Och an der Kinoswelt sinn dat net Leit iwwer déi een oft eppes gesäit oder héiert, fir deenen och eng gewëss Visibilitéit ze ginn. An dann och de Schrëftsteller, deen och e ganz spezielle Charakter huet, an deen immens desillusionnéiert ass. Ech mengen, dat ass e Personnage dee kéint och gefalen. 

Wéi ginn déi fënnef ganz ënnerschiddlech Personnagen da mateneen eens?

Kerstin Medinger Fro 6

Kerstin Medinger:Ech mengen, dofir muss een et liesen, fir dat ze gesinn, dat ass speziell! 

RTL

"Le Départ"
Kerstin Medinger

Editions Phi
ISBN 978-2-919791-91-0

18,00€