Et mussen net ëmmer Romaner vu 500 Säite sinn! Am neitsten Episod vun eisem literaresche Podcast "Lecture vun heiheem" geet et ëm 5 ultrakuerz Bicher.

Et si 5 nei Titelen aus der Serien "Timba" a Bucktugou vu Kremart Edition.

"Pappendag" (Timba Nr 19) vun der Jackie Messerich ass en Hommage u verstuerwe Pappen, sou wéi hir Meedercher sech u si erënneren.
A "Valley Girl" (Timba Nr 18) schreift d'Katharina Bintz iwwer sexuell Iwwergrëff

An da ginn et nach 3 superkuerz Bichelcher an der Serie Bucktugou. An der Ausféierung "Hot Chocolate" sinn et 2 Kuerzgeschichte vum Tullio Forgiarini: "Un deen Dag wou ech Auslänner gi sinn..." an "Phantasialand"
An der Ausféierung "Hot Coffee" kritt een en Titel vum Alain Atten zervéiert: "Do uewe läit eent"

Méi doriwwer am Podcast:

De Podcast iwwer 2mol Timba an 3mol Bucktugou