"Love Scammer" schwätzen online vu Léift, mä si wëlle just Sue vun hiren Affer. Dorop fällt d'Juno net eran, hat spillt säin eegent Spillche mat hinnen.

D'Juno ass ëm déi 50, Performance-Kënschtlerin, bestued ass hat mam Jupiter, deen duerch MS op de Rollstull ugewisen ass. Doduerch gëtt fir d'Koppel och eng banal Rees mam Zuch e logisteschen Alpdram. Dobäi kënnt eng prekär finanziell Situatioun. Nuets, wann d'Juno net schlofe kann, ass hatt online ënnerwee. Dacks gëtt hatt vu sougenannte "Love Scammer" ugeschriwwen, meeschtens jonke Männer, déi sech hannert engem Fake-Profil verstoppen a probéieren, vun hiren Affer Suen ze erpressen. D'Juno huet si laang duerchkuckt, an awer schreift hatt zeréck, spillt mat hinnen, soulaang bis si opginn an hatt hirersäits blockéieren. Bis enges Daags de Benu a säin Online-Liewen trëtt, e jonke Nigerianer, deen him weiderhi schreift, obwuel e sech kee finanzielle Virdeel méi erwaarde kann. Doraus entsteet eng Zort Frëndschaft, déi eigentlech op Lige baséiert, an trotzdeem Oppenheet ervirbréngt. Wéi dat méiglech ass, dat erzielt d'Martina Hefter am Interview:

Interview mat der Martina Hefter, Gewënnerin vum däitsche Buchpräis 2024

"Hey guten Morgen, wie geht es dir?" vun der Martina Hefter, ass am Klett-Cotta Verlag erauskomm.