Ass de Sascha Rink e sympathesche Liewenskënschtler oder just e skrupellose Ligener?

Domm ass en net, esou vill ass emol sécher. Besonnesch houfreg ass en op säin distinguéierte Vocabulaire, hie verpasst keng Geleeënheet fir nei Wierder opzeschnapen mat deenen hien da seng Matmënsche beandrocke kann an déi am Text vun engem (!) begleet ginn.

Mä wat wësse mir wierklech iwwer de Protagonist vum Guy Rewenig sengem neie Roman "Goss"?

De Sascha Rink ass esou al wéi d’Joerdausend, den 2. September 2000 ass hien op d’Welt komm. Sou jonk säi Curriculum ze schreiwen, do kéint ee mengen, et wiere just e puer Zeilen néideg, maximal eng Säit fir all wichteg Detailer opzezielen...Wäit gefeelt! De Sascha huet e grousse Projet a wëll dofir e Kredit ophuelen, de Bankier verlaangt awer, dass hie säi Curriculum eragëtt fir eng Chance op de Kredit ze hunn. An esou geet et lass. Um Enn komme 650 Säiten dobäi eraus op deene mir de Sascha vu Grond op kenneléieren. Hien ass e Scheedungskand, verbréngt all Kéiers zwou Woche bei senger Mamm, an zwou Woche bei sengem Papp. D’Mamm ass Coiffeuse, féiert de Salon Anika a geet komplett an hirem Beruff op. Do ass net méi vill Zäit fir sech ëm de Jong ze bekëmmeren. De Sascha sëtzt no der Schoul am Salon a mécht sech esou seng Gedanken iwwert der Mamm hir Clienten.

"Op d'Récksäit (vun den Ziedelen) hunn ech meng Commentairen iwwert d'Clientë geschriwwen. Kuerz awer bësseg. "Verkniwwelt Box" stoung do zum Beispill iwwert den Här Brandenburg. "Si sténkt" iwwert d'Madamm Hermes. (...)"Si ass tibbi" iwwert d'Madamm Schalz."

Da gëtt et nach den Här Taramelli, dee reegelméisseg mat Knippercher oder Blumme fir d’Anika geschäert kënnt, oder den Dr. Dantz, deen all Kéiers säin eegenen CD-Player dobäi huet wann hien d'Hoer geschnidden kritt. Am Fong ass de Salon Anika sou eppes wéi e Biotop, e Mikrokosmos deen d'Krescher Gesellschaft erëmspigelt.

De Papp schafft am Assurance-Secteur, a wat seng Clientèle ugeet, huet hien eng kloer Virléift fir sinistréiert Single-Fraen, fir déi en sech Zäit hëlt... vill Zäit. Säi Jong ass do éischter Niewesaach.

De Sascha huet schonn a ganz jonke Joren den Trick eraus, fir seng Eltere géinteneen auszespillen a sech säin eegene finanzielle Virdeel ze sécheren. Dobäi huet en et net esou mat der Wouerecht, am Géigendeel, hie gesäit sech als e «Ligenartist». Heiansdo weess hie selwer emol net méi richteg tëscht Ligen a Wouerecht z’ënnerscheeden

«Ech erënnere mech u Saachen, déi ech net fir méiglech gehal hätt. Hues du dat alles wierklech erlieft, Sascha?, froen ech mech. Dat ass net wichteg, hunn ech beschloss. Ob ech et erlieft hunn oder net, spillt keng Roll. Soubal ech et agetippt hunn, steet et a mengem Curriculum, a wat a mengem Curriculum steet, ka kee mir falsch maachen. Wat heescht hei erfonnt? Ech gesinn dat anescht: Alles erfonnt. Alles wouer. Basta.»

An deem Curriculum steet esou munches! Vu senger Faszinatioun mat Voodoo, iwwer seng éischt grouss Léiften (der ginn et der eng jett) bis bei säin eenzegaartegt Talent fir Markennimm a Publicitéitssloganen z’erfannen. De Sascha ass e Liewenskënschtler, deen et ëmmer erëm fäerdegbréngt fir zolidd anzesäckelen, obwuel en op Aarbecht éischter allergesch reagéiert. Säin erkläerte Beruffszil: Simulant. A mat sengem “maache-wéi-wann” schléit en sech och ëmmer nees duerch. Dobäi hëlleft et sécher, dass hien sech auszedrécke weess...

«Ech hu geschwat wéi en Hyperintellektuellen (!), dee sech meeschtens selwer net versteet, dat huet mer Respekt verschaaft, et ass guer net drop ukomm, wat ech gesot hunn, mee wéi et formuléiert war, wann ech bis lassgeluecht hu mat mengem Diskurs, ass geschwë kee Mënsch méi nokomm, et war kee méi sou kéng, mir an d’Wuert ze falen.»      

Sou maache wéi wann, de Leit Sand an d'Ae streeën, e schéine Schäin kreéieren, dat ass definitiv dem Sascha säin Talent. An dat Talent perfektionéiert hien am Laf vun de Säiten. "Goss" ass e Schelmenroman, awer een deen e bëssen aus der Rei danzt. Ongewéinlech fir de Genre, geet de Sascha Rink net op d'Rees. De gréissten Deel vum Roman spillt sech a senger Heemechtsstad Kresch of, a wann e sech tatsächlech emol vun do ewech beeweegt, da geet et héchstens bis op d'Musel, op Nidderaanwen oder op Steebrécken wou en awer och keng grouss Abenteuer erlieft, mä ganz banal als Housesitter aktiv ass. Allerhéchstens geet et emol bis op Bitburg, a Begleedung vun dem amerikaneschen Au-Pair-Meedchen, dat säi Papp fir hien (a fir sech selwer) agestallt huet. (Och wann dem Destiny säin onkonventionelle Fuerstil eleng schonn dofir suergt, dass doraus eng Aventure gëtt)

Dem Sascha seng Entwécklung ass also éischter en interne Prozess, dofir awer net manner spektakulär. Dobäi ass hien emol net deen eenzege "Ligenartist" am Roman. De Monni Eric dee probéiert säin Neveu iwwert den Dësch ze zéien, oder de Papp deen ëmmer seng eegen Ziler am A huet. Kee Wonner also, dass de Sascha sech wéi e moderne Münchhausen behëlt? Am Géigendeel, de Sascha weess ganz genee wat hie mécht an de Ligekonstrukt op deen hie säi Liewe baséiert ass seng eege Kreatioun. "Goss" ass eng bësseg Satir déi a beschter Rewenig-Manéier d'Wäerter  vun eisem (nëmmen iwwerflächlech moraleschen) 21ste Joerhonnert op d'Schëpp hëlt.

Apropos 21st Joerhonnert: Gen Z oder net, de Sascha Rink als Figur géif eigentlech och an all aner Epoch erapassen. Trotzdeem ass hien e Kand vu senger Zäit a weess genee wéi en déi modern Ressourcen am beschten asetze kann, wat hie vu sech matdeelt a wat hien am beschte fir sech behält.

"Mäi Curriculum ass fäerdeg, ech hunn en zesummegestrach bis op e puer Zeilen, ech si verwonnert, wéi liicht sech e ganzt Liewen ausradéiere léisst. Mee elo kënnt jo en neit Liewen an d'Plaz"

Déi ganz Wouerecht weess just de Sascha selwer - a seng Lieser.

"Goss" vum Guy Rewenig ass bei éditions guy binsfeld erauskomm.