
Am neisten Episod vum Podcast “RTL BicherLies” froen de Jérôme an d’Bea dem Antoine Pohu e Lach an de Bauch. Si wëllen alles wëssen iwwer seng Theaterprojeten, d’Konzept hannert sengem neie Roman, d’Roll vun der Musek a sengem Schreiwen, Genderen oder net Genderen, d’Stad Bréissel, an an an. Als klengen Extra huet den Antoine Pohu dann och nach e coole Buchtipp matbruecht!
Mat grad emol 26 Joer zielt den Antoine Pohu zu de groussen Hoffnungen vun der Lëtzebuerger Literatur. “Après nos désirs” ass säin aktuelle Roman
Iwwregens: fir weider interessant Liestipps kënnt Dir Iech dëse Rendezvous notéieren:
Den Antoine Pohu an de bekannten däitsche Buchblogger Florian Valerius begéine sech e Mëttwoch, den 13. August 2025 um 18.30 Auer bei der Gëlle Fra an der Stad, am Kader vun “D’Stad liest”
