Nei um Bichermaart (kënnt den 11ten Oktober 2025 eraus)"Babyphone" vum Guy Rewenig

RTL Lëtzebuerg
Geschichten

Pressetext vun den éditions Guy Binsfeld:

De Guy Rewenig, 1947 zu Lëtzebuerg gebuer, schreift zanter 1971 Bicher an den dräi Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch a gouf ënnert anerem zweemol mam Prix Servais ausgezeechent.
Den 11. Oktober kënnt déi neiste Publikatioun vun him op de Marché: Babyphone.
Babyphone ass ee Geschichteband dee vu Mënsche verzielt, déi an déi gelungenste Situatioune geroden an ass den Ofschloss vum Guy Rewenig sengem Zyklus „Geschichten an Erzielungen“ a Lëtzebuerger Sprooch. Zu där Serie gehéieren och dës Wierker, déi alleguer an den éditions guy binsfeld erauskomm sinn: Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen (2015), Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d‘Mauer renns (2017), Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch (2020), Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Electricitéitswierk (2021).
A Babyphone gi sechs verschidde Geschichte verzielt, sechs Mënschen an hir Realitéit ginn op de Leescht geholl an ad absurdum gedriwwen:
„Schwaarz“: E Journalist mécht Congé am Schwarzwald a wëllt niewebäi e Reportage iwwert déi Géigend schreiwen. Mee wat hien do erwaart, rappt hie komplett aus der Bunn.
„Cambrioleur“: Wat geschitt, wann op eemol en „Gentleman Abriecher“ an der Luxusvilla opdaucht an d’Proprietairin sequestréiert?
„Babyphone“: D’Talaya, 14 Joer, entdeckt zoufälleg, datt en ale Babyphone nees a Betrib ass. Dat ass den Ausléiser fir eng zolidd Kris an der Famill.
„Sécher“: De Marco Melz flitt all Joer mat senger Fra op Palma. An der Vakanz kann hie sech awer net entspanen, well hien aus sengem komplizéierte Liewen als Security Agent net erauskënnt.
„Broch“: Den Här Kreff ass onzefridden, well
hie sech fir ze kleng hält. Hie wëllt sech medezinesch vergréissere loossen a geréit an onméiglech Situatiounen.
„Dräi gutt Grënn, eng Méimaschinn mat an d‘Vakanz ze huelen“: Zwee einsam Männer treffe sech all Woch am Café Cathédrale an der Stad. Wourëm geet et? Complicitéit oder Feindschaft? Fridden oder Krich?

© Jean Asselborn

Guy Rewenig
Babyphone
Geschichten
384 Säiten
135 × 210 mm
Hardcover mat Ëmschlag a
Liesbändchen
ISBN 978-2-919822-36-2
26 €
éditions guy binsfeld

Save the date:
Den 12. Oktober gëtt „Babyphone“ am TNL opgefouert. Weider Informatioune fannt Der op https://www.tnl.lu/babyphone

Back to Top
CIM LOGO