Fir den 80. Doudesdag vum Resistenzler Camille Sutor"Camille Sutor - Lion de la résistance - Löwe des Widerstandes"
Den 19. Mee 1944 ass de Camille Sutor mat nëmmen 23 Joer a sengem Elterenhaus zu Iermsdref vun der Gestapo erschoss ginn.
En tragescht Enn fir dee jonke Mann, deen eigentlech geplangt hat, fir ze studéieren an e ganz normaalt Liewen ze féieren. Fir säin 80. Doudesdag ass hien elo a sengem Heemechtsduerf mat enger Plaquette geéiert ginn a mat dësem Buch, dat d’Erënnerung un deemools soll wakereg halen.
“Net ee vu villen”, dat ass den Ënnertitel vun dësem Wierk, mat deem den Historiker André Grosbusch un deen eminente Resistenzler erënnert.
Wéi ee Courage de Camille Sutor hat, war fir sech géint d’Nazien ze stellen, awer och wéi vill Geschéck a Schlauheet néideg waren, fir den Alliéierte wichteg Informatiounen zouzespillen ouni sech erwëschen ze loossen, doriwwer hunn ech mech mam Auteur André Grosbusch a mat der Nathalie Brachmond-Sutor, der Enkelin vum Camille Sutor sengem Brudder Richard, ënnerhalen. Dësen Interview gouf de 6. Juni 2024 opgeholl, op den Dag genee 80 Joer nom D-Day an der Normandie.
“Camille Sutor - Lion de la résistance - Löwe des Widerstandes” vum André Grosbusch
Rue Camille Sutor zu Iermsdref © Paul Schalz
Den Arthur Peiffer (lénks) an de Camille Sutor op der Grenz tëschent Déifferdéng an Hussigny. © Archiv Famill Sutor-Kinnen
Zu Hussigny beim « Monument aux Morts » , lénks den Eugène Leger(Passeur), riets den Albert Ungeheuer (Passeur), 2. vu lénks de Camille Sutor an riets niewt him den Arthur Peiffer. © Archiv Famill Sutor-Kinnen
D’Begriefnis, den 18. Mee 1945 zu Iermsdrëf © Archiv Famill Sutor-Kinnen
D’Begriefnis, den 18. Mee 1945 zu Iermsdrëf © Archiv Famill Sutor-Kinnen
D’Commémoratiounsplaque vun 1984 am Haff vun der Famill Sutor zu Iermsdref. © Archiv Famill Sutor-Kinnen
D’Monument an der « rue Camille Sutor », 2024 © Paul Schalz
Portrait vum Camille Sutor © Archiv Famill Sutor-Kinnen
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.