
Pressetext vum CNL:
D’Claudine Muno publizéiert säit 1996 Romaner, Erzielungen, Kannergeschichten, Theaterstécker an aner Textzorten. Sou ënnerschiddlech wéi dës Genrë sinn och hir Literatursproochen, woubäi si sech oft fir d’Lëtzebuergescht entscheet. Si gouf fir hiert Schreiwe widderhuelt ausgezeechent, dorënner 2004 mam Prix Servais fir de Roman frigo an 2023 mam Lëtzebuerger Buchpräis fir de Roman Dëst ass net däi Liewen. D’Claudine Muno ass gläichzäiteg Musikerin an trëtt a verschiddene Bands souwéi solo op.
An hirer Ried zur Literatur, déi wéi en Album mat Kapitele ronderëm bekannt Lidder opgebaut ass, verschränkt d’Claudine Muno déi zwee Medie Literatur a Musek a weist, wéi si sech géigesäiteg befruchte kënnen. D’Resultat ass e beréierenden, humorvollen an op originell Aart a Weis kompromësslosen Abléck an déi eege Biografie, d’Gesellschaft, d’Liewe mat sengen Aporien a Widderspréch. An an d’Fäegkeet vu Literatur a Musek, et ze veränneren – zum Besseren, och wann dat net einfach ass.
***
»Konschtwierker kënne sécher Räim sinn, an deenen een*t d’Liewen entdecken an sech ausprobéiere kann, ouni Angscht, jugéiert ze ginn. An engem Buch oder op enger Plack moosst keen d’Zäit, déi s du op enger bestëmmter Plaz verbréngs, wéi dacks du zeréckspulls oder wéi séier, dass du weider blieders.
Fir mech ware Literatur a Musek genee esou dacks e séchere Raum wéi e Wee eraus aus deem Raum. Wierder musse méi kënne sinn wéi eng parallel Realitéit, an déi een*t sech virun der Realitéit a Sécherheet bréngt.«
Ried zur Literatur
Claudine Muno
Zéng Texter iwwer Literatur a Musek
63 Säiten
5 €
ISBN 978-2-919798-38-4
ISSN 2535-9150
Centre national de littérature, Miersch © 2026
Ze bezéien a Librairien an an eisem WebShop (shop.literaturarchiv.lu).