Nei um Bichermaart"De Maulef Muck" vum Ian de Toffoli a Lynn Cosyn

RTL Lëtzebuerg
Fir Kanner vun 2 bis 6 Joer
© PersPektiv éditions

Extrait aus dem Buch:

Haut ass dem Maulef Muck säi groussen Dag. Eng ganz Kollektioun un neie Brëller krut hien heemgeliwwert.
Ee Brëll fir all Aktivitéit. Dat trëfft sech gutt, well de Muck an de Fiisschen hunn decidéiert, e groussen Tour vum Land ze maachen, fir all hir Frënn besichen ze goen. Vum Stauséi bis an de Mëllerdall a vum Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher bis an de Skatepark an der Péitruss sinn si ënnerwee.
Eng Geschicht iwwert d’Frëndschaft an d’Freed, d’Welt nei ze entdecken.

De Ian de Toffoli , gebuer 1981, ass Schrëftsteller, Theater-Auteur a Kritiker. Fir säi Buch "Léa ou la théorie des systèmes complexes" gouf hien 2026 mam Servais-Präis ausgezeechent. "De Maulef Muck" ass säin éischt Kannerbuch.
D'Lynn Cosyn, gebuer 1985, ass Kënschtlerin an Illustratorin. Ënner anerem huet si d'Kannerbuch "D'Rommel Bommel an hir Frënn" illustréiert, dat 2023 mam Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kanner-a Jugendbuch ausgezeechent gouf.

"De Maulef Muck"
Ian de Toffoli (Text)
Lynn Cosyn (Illustratiounen)
erauskomm bei: PersPektiv éditions
ISBN 978-2-919838-04-2
32 Säiten
19€

Back to Top
CIM LOGO