
Pressematdeelung vum Institut Pierre Werner:
An Zesummenaarbecht mam Institut Pierre Werner bréngt d’Katja Rausch, Grënnerin an Direktesch vun The House of Ethics ™, dräi lëtzebuergesch Perséinlechkeeten aus verschidde Sparten zesumme fir op enger ganz accessibeler Aart a Weis iwwert KI an Ethik ze schwätzen, de 15. Abrëll um 19 Auer an der Abtei Neimënster.

An enger Zäit wou Computer Programme wéi ChatGPT, Applikatiounen oder Sozial Medien e feste Bestanddeel vun onsem alldeegleche Liewe sinn, stellt sech d’Fro wéi mir als Mënsche mat de Maschinne liewen. Wien ass de Pilot um Hiewel?
As et eng Course contre-la-montre, eng Collaboratioun oder eng Kapitulatioun? Wat musse mer ënnerhuele fir ons Mënschlechkeet am Joer 2026 an driwwer eraus ze schützen? Fir ons Wäerter, ons Kollektivitéiten a Mënschlechkeet ze erhalen?
An enger Welt wou fake news, deepfakes an d’syntheeteschen Inhalt iwwerall sinn, gëtt do d’Authentizitéit ëmmer méi zum Luxus? Wien oder wat mëscht ons Angscht? Mee och, wou leien ons Opportunitéiten?
Wiem gehéiert also d’Zukunft? Dem performantstent a séierste Computer, deem Professionellen dee geschéckt mat der KI ëmgoe kann oder awer deene Leit mat den empatheschsten, sozial fitsten a mënschlechste Perséinlechkeeten?
Diskussiounsronn mam
- Marie-Anne Werner (Direkteschhonoraire vum Lycée Robert Schuman Luxembourg),
- Dr. Martine Goergen (Generaldirektesch vum Centre Hospitalier Luxembourg)
- an den international priméierten Architekt Prof. Mag. François Valentiny (VALENTINY hvp architects);
Als Grënnerin vum The House of Ethics ™ féiert d’Katja Rausch duerch dësen onkonventionellen a partizipativen Owend.
Iwwert d’Moderatrice:
Katja Rausch, déi sech op d’Ethik, déi op nei Technologien ugewannt gëtt, spezialiséiert huet, schafft an de Beräicher kënschtlech Intelligenz, Datenethik, Mënsch-MaschinnSchnëttstellen, Robo-Ethik a Quantenethik. Am Joer 2021 huet si The House of Ethics™ gegrënnt - déi alleréischte Firma vun Ethik a KI hei zu Lëtzebuerg – an 2023 zesumme mat Dr Daniele Proverbio eng nei interdisziplinär Approche fir d’Ethik ugewant u KI entwéckelt, déi op kollektiver Intelligenz, Emergenz a komplexe Systemer baséiert – Schwarmethik (Swarm Ethics).
Infoiwwersiicht
Wéini: 15. Abrëll 2026, um 19:00 Auer
Wou: neimënster, 28, rue Münster, L-2160 Luxemburg-Grund
Organisatioun: Institut Pierre Werner, The House of Ethics ™
Gratis Entrée, mee op Umeldung!
Reservierung iwwert info@ipw.lu oder 49 04 43-76
Méi Infoe op www.ipw.lu