Nei um Bichermaart "Déi kleng Prinzessin - Ech wëll mäi Papp!" vum Tony Ross

RTL Lëtzebuerg
Eng weider super flott Aventure vun der klenger Prinzessin vum Tony Ross, iwwersat vum Christiane Kremer.
© Kremart édition

Déi kleng Prinzessin ass jalous. All déi aner Pappe gi mat hire Kanner op flott Entdeckungsreesen, just hire Papp, dee verleeft sech schonn, wann e soll a säi Bett goen. Firwat kann ee mat him näischt Spannendes ënnerhuelen?

Tony Ross
Déi kleng Prinzessin: Ech wëll mäi Papp!
ISBN 978-99959-39-98-4
12,95 EUR

10 Geschichte vum Tony Ross senger ondugener Prinzessin huet d’Christiane Kremer antëschent op Lëtzebuergesch iwwersat. Hei den Iwwerbléck:

Prinzessinne-Bicher op Lëtzebuergesch

Si hunn all 28 Säiten a kaschten 12,95 Euro:

Déi kleng Prinzessin: Ech wëll net an d’Bett!
ISBN 978-99959-39-61-8

Déi kleng Prinzessin: Mir ass et schlecht!
ISBN 978-99959-39-62-5

Déi kleng Prinzessin: Ech wëll meng Hänn net wäschen!
ISBN 978-99959-39-63-2

Déi kleng Prinzessin: Ech maachen dat selwer!
ISBN 978-99959-39-64-9

Déi kleng Prinzessin: Ech wëll d’Luucht un!
ISBN 978-99959-39-65-6

Déi kleng Prinzessin: Ech war dat net!
ISBN 978-99959-39-66-3

Déi kleng Prinzessin: Ech hätt och gär Frënn!
ISBN 978-99959-39-67-0

Déi kleng Prinzessin: Ech wëll eng Gutt-Nuecht-Geschicht!
ISBN 978-99959-39-68-7

Déi kleng Prinzessin: Ech wëll en Hues!
ISBN 978-99959-39-69-4

Déi kleng Prinzessin: Ech wëll mäi Papp!
ISBN 978-99959-39-98-4

Back to Top
CIM LOGO