
Mat der Swetlana Alexijewitsch war 2016 fir d’lescht eng Literatur-Nobelpräis-Laureatin zu Lëtzebuerg. Bal 10 Joer duerno ass et elo nees esou wäit. D’Nathalie Jacoby, Direktesch vum Nationale Literaturarchiv zu Miersch, wäert sech um Blaue Sofa mam Abdulrazak Gurnah iwwer säi Wierk, a ganz besonnesch iwwer säin neiste Roman mam Titel “Diebstahl” ënnerhalen. Am Virfeld war si bei eis am Studio fir iwwer dem Abdulrazak Gurnah säi Wierk ze schwätzen. Dobäi huet si och verrooden, wéi ee sech op esou en Evenement virbereed.

Den Abdulrazak Gurnah krut 2021 de Literatur-Nobelpräis
Wien den 28.November am Institut Pierre Werner wëll dobäisinn, ka sech nach umellen. D’Gespréich (op Englesch) fänkt um 19h00 un.
Hei kann een sech fir den Owend am IPW umellen

