Kanadesch SchrëfstellerinDen Nobelpräis fir Literatur geet un d'Anne Carson

RTL Lëtzebuerg
D'Carson hätt sech an enger éischter Reaktioun ganz iwwerrascht iwwer d'Auszeechnung gewisen.
© PONTUS LUNDAHL/TT News Agency via AFP

Den Nobelpräis an der Literatur geet dëst Joer un déi kanadesch Poetin an Essayistin Anne Carson. Dat huet déi schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften kuerz no 13 Auer en Donneschdeg de Mëtteg annoncéiert. D'Schrëftstellerin géif fir hiert innovatiivt a couragéiert Wierk ausgezeechent ginn.

D'Carson hätt sech an enger éischter Reaktioun ganz iwwerrascht iwwer d'Auszeechnung gewisen. Si ass den Ament an Island.

Zejoert ass den Nobelpräis un den ungareschen Auteur László Krasznahorkai gaangen.

Back to Top
CIM LOGO