
No “Krokodilwächter” ass “Blutmond” den zweete Kopenhagen-Thriller vun der dänescher Autorin Katrine Engberg. E Méindeg den 11ten November ass si zu Lëtzebuerg wou si dann och liese wäert. Detailer vum Literaturkritiker Jérôme Jaminet um Mikro vum Bea Kneip
.
De Méindeg 11ten November vun 18h30 bis 20h00 ass d’Katrine Engberg an der Librairie Ernster, 27, Rue du Fossé, an der Stad. Hir Bicher “Krokodilwächter” a “Blutmond” sinn am Diogenes Verlag erauskomm.