Nei um Bichermaart"D'Moiesmonster" vum Narmina Pasqualoni a vum Zoe Thill

RTL Lëtzebuerg
Wéi erkläert een engem klenge Kand, wat e Morgenmuffel ass?
© Narmina Pasqualoni a Zoe Thill

Pressetext vun den Autorinnen:

Wéi erkläert een engem klenge Kand, wat e Morgenmuffel ass? Well gaaaanz fréi moies, nach éier eng 6 vir um Wecker steet, si vill kleng Kanner schomonter a bereet fir an den Dag ze starten, mä hir Eltere si leider nach guer net waakreg an iwwerhaapt net prett fir iergendeppes ze ënnerhuelen… héchstens fir eng Taass Kaffi ze drénken. Genee dovun erzielt dëst Kannerbuch, dat vum Narmina Pasqualoni mat engem Aaenzwinkere geschriwwen a mat ganz vill Léift vum Zoe Thill illustréiert gouf. No „Schéi komplizéiert“ an dem Krimi „Déi Saach mat der Méck“ ass dëst dem Narmina Pasqualoni säin éischt Kannerbuch, wärend d’Zoe Thill schonn Erfarung mam Buch „Wann ech net schlofe kann, hëlleft mir vläicht dës Geschicht?“ (Philou) sammele konnt. „D‘Moiesmonster“ ass fir Grouss a Kleng, fir déi, déi moies opkommen, an déi, déi léiwer géife leie bleiwen, fir déi mat den Iddien an déi, déi sech selwer net ze eescht huelen. Loosst iech vum Mia begeeschteren, wann hatt iech mat op seng Aventure bei d’Moiesmonster hëlt. A wie weess, vläicht hutt dir och e Moiesmonster doheem.  

D'Moiesmonster
Narmina Pasqualoni a Zoe Thill
Fir Kanner vun 2 bis 6 Joer
ISBN 978-2-87996-275-7
Sprooch: Lëtzebuergesch
20€

Back to Top
CIM LOGO