Nei um Bichermaart"D'Schmetten an d'Schmooen" Alex Scheffler/Julia Donaldson

RTL Lëtzebuerg
Dat neit Kannerbuch vun den Auteure vu Grüffelo an Zog! Op Lëtzebuergesch erzielt vum Martine Schoellen
© éditions Guy Binsfeld

NEI BEI DEN ÉDITIONS GUY BINSFELD // SEPTEMBER 2019

D’Schmetten an d’Schmooen erzielt vun enger verbuedener Léift op engem
Planéit wäit ewech. D’Babett gehéiert zum Vollek vun de Schmetten, de Jo
zu deem vun de Schmooen. Déi eng si rout, déi aner blo, an all Kand léiert vu
klengem un, dass een net mat deenen anere spille soll. Mee d’Babett an de Jo hale
sech net un d’Reegele vun hire Grousselteren. A wéi dat an de grousse Libes‑
geschichten esou ass, maache si sech heemlech dervun ... a fléie fort an de Weltall.
D’Famille vun deene zwee sichen iwwerall no der jonker Koppel an esou entsteet eng spannend a
lëschteg Geschicht, déi d’Aktualitéit vun eiser Zäit op eng flott a sensibel Aart a Weis reflektéiert.
Déi nei Kannergeschicht vum Bestseller-Duo aus England kënnt dësen Hierscht a 17 Sproochen
eraus. Den Axel Scheffler huet wéi gewinnt déi faarweräich Illustratioune gezeechent an den
original engleschen Text, deen d’Martine Schoellen an d’Lëtzebuergescht iwwerdroen huet, staamt
vum Julia Donaldson.
D’Schmetten an d’Schmooen ass, wéi d’Dedicace vun den Auteure Scheffler an Donaldson et scho
seet, ee Buch „fir all d’Kanner an Europa“.

Julia Donaldson
D’Julia Donaldson ass 1948 zu London gebuer an huet op der University of Bristol Literaturwëssenschaft
a Franséisch studéiert. Spéider huet hatt als Lektorin, Journalistin a Léierin geschafft,
ass elo Schrëftstellerin a wunnt zu Glasgow. D’Julia Donaldson huet eng ganz Rei Kannerbicher
geschriwwen, ënnert anerem De Grüffelo, säin éischte groussen internationale Succès.
Axel Scheffler
Den Axel Scheffler gouf 1957 zu Hamburg gebuer. Do huet hien och Konschtgeschicht studéiert,
éier hien an der Bath Academy of Art am englesche Corsham Grafik geléiert huet. Zënter 1986 lieft
den Axel Scheffler zu London. Seng Illustratioune vum Grüffelo hunn hien international berühmt
gemaach.
Martine Schoellen
D’Martine Schoellen ass 1965 zu Lëtzebuerg op d’Welt komm. No der Première am Lycée classique
Diekirch huet hatt Germanistik an Anglistik op der Universität des Saarlandes studéiert.
D’Martine Schoellen ass Däitschproff. Bei den Éditions Guy Binsfeld huet hatt schon De Grüffelo,
Dem Grüffelo säi Kand, Zog an Den Zog an d’Dokteren aus der Loft vum Julia Donaldson an
Axel Scheffler aus dem Engleschen an d’Lëtzebuergescht iwwersat.

JULIA DONALDSON / AXEL SCHEFFLER
D’SCHMETTEN AN
D’SCHMOOEN
Op Lëtzebuergesch erzielt vum Martine Schoellen
32 Säiten
288 x 257 mm
Gebonnen
ISBN 978-99959-42-53-3
14,50 €

Back to Top
CIM LOGO