
“This a lovely quiet rose-growing part of dirty old Europe”, dat sot den James Joyce bei sengem Besuch zu Lëtzebuerg am Joer 1934. (Dëst war och den Titel vun enger Ausstellung an der Nationalbibliothéik a vum Buch vum Gast Mannes.) Tatsächlech hu Rousen eng laang Traditioun an eisem Land.An der Mëtt vum 19te Jorhonnert goufe ronderëm d’Stad Lëtzebuerg Millioune vu Rousestäck ugeplanzt an an d’ganz Welt exportéiert. Dës Léift zu der “Kinnigin vun de Blummen” huet och Landschaftsarchitektin an Autorin Heidi Howcroft an déi international renomméiert Gaardefotografin Marianne Majerus inspiréiert fir e Buch iwwert d’Rousen zu Lëtzebuerg erauszebréngen. Hir Aarbecht an der een op 176 Säiten a mat méi wéi 200 Fotoen al an nei Rousenzorte kenneléiere kann, gouf ugangs November an Australien mam WFRS Literary Award 2022 belount. D’Buch, dat bei den éditions Schortgen erauskomm ass, gëtt et an 3 Sproochen, op Däitsch, Franséisch an Englesch.


Autorin: Heidi Howcroft
Fotografin: Marianne Majerus
Einband: Hardcover glänzend
Format: 23,6 x 30,5
ISBN: 978-99959-36-95-2
Seiten: 176
