Nei um Bichermaart"Lama Glama" vum Shari Schenten

RTL Lëtzebuerg
Wat mécht e Lama am Gaart?
© Ënnert dem Radar Produktiounen

Pressetext vun Ënnert dem Radar Produktiounen:

Op eemol steet e Lama am Gaart. Roueg, gedëlleg a mat engem Bléck, wéi wann et alles wéisst. Wéi ass et an de Gaart komm? Wat mécht et do a wéi gëtt een et erëm lass? Vläicht sinn dat déi falsch Froen, déi ee sech stelle soll. D’Lama hëlt ee mat op eng Rees, wann ee sech drop aléisst.
"Lama Glama" ass de literareschen Debüt vun der Autorin Shari Schenten, déi bis elo virun allem Léiergeschichten a Léierwierker fir d'Lëtzebuergescht verëffentlecht huet.

D'Shari Schenten huet Germanistik a Romanistik zu Heidelberg studéiert an nach e Master an der Luxemburgistik gemaach. Hatt ass Lëtzebuergeschproff an ass op d'Enseignéiere vum Lëtzebuergeschen als Friemsprooch spezialiséiert. An deem Kader huet hatt d'Buchrei "A lass. Mir léiere Lëtzebuergesch" erausginn an huet vun 2018 bis 2023 als Enseignante vacataire e Seminar op der Universitéit vu Lëtzebuerg zu deem Theema ginn. Vun 2009 bis 2025 huet hatt als Freelance-Journalistin bei RTL Radio geschafft, virun allem am Beräich vum Sport. Vun 2021 bis 2025 war hatt en Deel vun der Emissioun "Afterwork".

Zesumme mam Paule Kremer mécht hatt de Podcast "VANdalinnen" a mécht och soss verschidde Moderatiounen.

Lama Glama
Shari Schenten
erauskomm bei: Ënnert dem Radar Produktiounen
104 Säiten
Sprooch: Lëtzebuergesch
ISBN: 9783565443413
Präis: 12€

Back to Top
CIM LOGO