
EN NEIT BUCH BEI ÉDITIONS REVUE
Mars Klein
SÉIER LAFEN ODER SCHWÉIER SCHAFFEN
Aus der Geschicht vum Päerd mam Mënsch
Ëmmer stoung d’Päerd fir Eleganz, Kraaft an Ausdauer. Et gouf veréiert a bluddeg geschënnt. E puer dausend Joer laang war et dem Mënsch séng Tempos-Maschinn. De Koko war virum Plou a leider och am Krich eng Noutwennegkeet. Zënter der Dampmaschinn an dem Auto ass en erléist aus der éiweger Gefaangeschaaft vum Mënsch. D’Schaffpäerd ass haut esougutt wéi verschwonnen. De Fräizäit-Compagnon, de Sport-Artikel op véier séiere Been huet iwerliëwt.
A 44 Kapitelen gët op Lëtzebuergesch dem Päerd séng Geschicht mam Mënsch beliicht: d’Päerd an der Mitologi, Litteratur, Molerei a Skulptur, d’Päerd am Krich, am Sport, d’Schaffpäerd um Bauerenhaff a virun de Postkutschen. En Rei Säiten verziëlen vum Päerd zu Lëtzebuerg.
Prosa-Stécker a Gedichter iwer d’Päerd aus der internationaler Litteratur sinn op Däitsch als kleng Antologi dertëscht gesat. Vill Fotoën a Biller illustréieren d’Buch.
Den Auteur war bis 2010 Enseignant am Lycée. An de läschte Joeren huet e besonnesch kulturell Émissiounen fir de Radio 100,7 geschriwen. En huet eng Rei Bicher publizéiert, als läscht: Wat d’Hémecht war. Kommentéiert lëtzebuergesch Gedichter vun 1800 bis haut.
2019-2020 ass en mam Véronique Kinnen, Sabine Rossbach a Rudi Schubert mam Cabaret-Programm Wann e Salamander mat dem Feier spillt op Tournée.
Dat neit Buch [26 x 21 cm / gebonnen] huet 240 Säiten a kascht 29 Euro
ISBN-13: 978-99959-45-52-7
shop.revue.lu
lord.lu
©Editions Revue