Podcast Lecture vun heiheemTimba a Bucktugou: Eemol Kaffi an zweemol waarme Schocki, wgl!

Bea Kneip
Et mussen net ëmmer Romaner vu 500 Säite sinn! Am neitsten Episod vun eisem literaresche Podcast "Lecture vun heiheem" geet et ëm 5 ultrakuerz Bicher.

Et si 5 nei Titelen aus der Serien “Timba” a Bucktugou vu Kremart Edition.

“Pappendag” (Timba Nr 19) vun der Jackie Messerich ass en Hommage u verstuerwe Pappen, sou wéi hir Meedercher sech u si erënneren.
A “Valley Girl” (Timba Nr 18) schreift d’Katharina Bintz iwwer sexuell Iwwergrëff

An da ginn et nach 3 superkuerz Bichelcher an der Serie Bucktugou. An der Ausféierung “Hot Chocolate” sinn et 2 Kuerzgeschichte vum Tullio Forgiarini: “Un deen Dag wou ech Auslänner gi sinn...” an “Phantasialand”
An der Ausféierung “Hot Coffee” kritt een en Titel vum Alain Atten zervéiert: “Do uewe läit eent”

Méi doriwwer am Podcast:

Déi neitste Publikatiounen aus de Serien “Timba” a “Bucktugou” vu Kremart kritt ee séier duerchgelies, mä si hunn et a sech!

Back to Top
CIM LOGO