Rendez-vous mat engem Koméit"To Meet a Comet" vum Isabelle Marinov

Bea Kneip
Déi legendär Weltraum-Missioun Rosetta vun der European Space Agency, verständlech noerzielt fir Kanner.

Op engem klenge Fiels ze landen, dee mat héijer Vitess duerch de Weltall jauft - dat war den Defi, deen d’European Space Agency (ESA) mat der Missioun Rosetta ugeholl hat. 2004, no méi wéi 10 Joer Preparatioun, goung et lass, mä et sollt nach eng Kéier 10 Joer daueren, bis de Space-Lander Philae um Koméit opsetze konnt.

An hirem neie Buch “To Meet a Comet” erzielt d’Lëtzebuergerin Isabelle Marinov, wéi vill Schwieregkeeten hu misste gemeeschtert ginn, bis et souwäit war.

Am Interview verréit si awer och, wéi et mam Hugo, dem Alex an dem Julie, den Helden aus hirem beléifte Kannerbuch “Boy Underground”, weidergeet. Mir tauchen am Mëttelmier no engem Schëffswrack aus der Réimerzäit, mir léiere Chineesesch a mir ginn an de Kino!

Déi legendär Weltraum-Missioun Rosetta vun der European Space Agency, verständlech noerzielt fir Kanner

“To Meet a Comet” vun der Isabelle Marinov kënnt de 26. August bei Oxford University Press eraus

Back to Top
CIM LOGO