Wat gelift?Wann ee schlecht héiert: "Tomaten auf den Ohren" vun der Jillian Petry

Bea Kneip
"Das 'Wie bitte?'-Leben einer Schwerhörigen" esou den Ënnertitel vun dësem Buch, an deem eng jonk Lëtzebuergerin iwwer hir Erfarunge schreift.

An dëser Episod vum Podcast “Lecture vun heiheem” geet et ëm “net héieren” an “net verstoen”. An dat ass net dat selwecht! Dass d’Jillian Petry net gutt héiert, dat gouf duerch en Zoufall entdeckt, wéi si 4 Joer hat. Am Interview erzielt si, wéi et sech ufillt, mat enger onsiichtbarer Behënnerung ze liewen, déi bei hire Matmënschen net ëmmer op Versteesdemech stéisst. Dovun huet si sech awer net ofbrénge gelooss, hiert Liewen esou ze gestalten, wéi si et fir gutt fënnt, sief et als Enseignante oder als Autorin vu Romantasy-Bicher. “Tomaten auf den Ohren” ass hiren Temoignage.

“Das “Wie bitte?"-Leben einer Schwerhörigen” sou den Ënnertitel vun dësem Buch an dem eng jonk Lëtzebuergerin iwwer hir Erfarunge schreift

© Kreativary

Back to Top
CIM LOGO