Nei um Bichermaart"Wat baussen a wat bannen" vum Nicolas Bouvier

RTL Lëtzebuerg
Eng Rees duerch e Liewen: Iwwersetzung vum Nicolas Bouvier sengem Gedichtband "Le Dehors et le Dedans"
© Michikusa Publishing

Pressetext vu Michikusa Publishing:

Tabriz, Kyoto, Sri Lanka, New York, Genf … Den Nicolas Bouvier huet iwwer all déi Joren, wou hie gereest ass, an awer och a sengem Doheem an der Schwäiz ëmmer nees Gedichter geschriwwen: „Ech brauch d’Lyrik méi wéi d’Prosa, huet hie gesot, well si immens direkt, brutal ass – se ass full-contact!” Hien huet Zäit senges Liewens awer just ee Gedichtband erausbruecht, Le Dehors et le Dedans ( Wat baussen a wat bannen, an der lëtzebuergescher Iwwersetzung), deen aus 44 Texter besteet, déi tëscht 1953 an 1997 geschriwwen an ëmmer nees nei opgeluecht an ergänzt goufen. Der Ingrid Thobois (Spezialistin fir dem Bouvier säi Wierk) no, ass dëst „d‘Wierk, dat déi komplettsten an intiimste Rees duerch säi Liewen duerstellt”. Le Dehors et le Dedans gouf bis ewell a sechs Sproochen iwwersat; Michikusa Publishing, e Lëtzebuerger Editeur spezialiséiert op Poesie, proposéiert dëse Klassiker vun der Reesliteratur elo och op Lëtzebuergesch, an enger Iwwersetzung vu Robert Weis a Florent Toniello, mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vum Nico Helminger.
Den Nicolas Bouvier gouf 1929 zu Genf gebuer. No sengen Droit a Literaturstudien, ënnerhëlt hie mat sengem Kolleeg Thierry Vernet eng Rees vu véier Joer, déi hien iwwert de Balkan an d’Türkei, Afghanistan, Pakistan, Indien, Sri Lanka a bis a Japan féiert. Hien gëtt gemengerhand als ee vun de Fondateure vum modernen Travel Writing ugesinn, dank senger Reesliteratur, wéi L’Usage du monde, Le Poisson-scorpion a Chroniques japonaises. Den Nicolas Bouvier huet am Reesen e Wee fonnt, fir sech selwer vun engem Gewiicht ze befreien, an duerch d’Schreiwen zu enger gewësser Fräiheet ze fannen. Hien ass 1998 zu Genf verstuerwen, mee lieft duerch säi Wierk weider an inspiréiert ëmmer nees déi nei Generatioun vu Reeschrëftsteller*innen a Frankräich, an der Schwäiz an doriwwer eraus.

Editeur: Michikusa Publishing
Iwwersat vu Robert Weis a Florent Toniello
Iwwerlies vun Nico Helminger
Grafesche Projet vum Marianne Kayser
Mat Original-Fotografie vum Nicolas Bouvier
Präis: 15 Euro

Back to Top
CIM LOGO