Nei um Bichermaart"Wéi een e Reebou fänkt" Naomi Jones (Text) Ana Gomez (Illustratiounen)

RTL Lëtzebuerg
D'Frutz huet Reebéi immens gär. Méi wéi alles anescht wënscht et sech, datt et selwer een hätt. Dofir wëll et ee fänken – et gëtt eng Reebou-Fänkesch!

“Wéi een e Reebou fänkt” ass déi éischt Koproduktioun vu Kremart Edition mat Oxford University Press: D’Frutz huet Reebéi immens gär. Et ass frou mat hire blénkege Faarwen a mat hire geschwongene Formen. Méi wéi alles anescht wënscht et sech, datt et selwer een hätt. Dofir wëll et ee fänken – et gëtt eng Reebou-Fänkesch! Villes leeft dobäi awer net esou wéi geduecht an d’Frutz ka sech säi Wonsch just mat Kreativitéit a mat Virstellungskraaft erfëllen …

Naomi Jones (Text), Ana Gomez (Illustratiounen):
Wéi een e Reebou fänkt
ISBN 978-2-919781-38-6
32 Säiten
18 €
Erauskomm bei Kremart Edition

Back to Top
CIM LOGO