
Pressetext vu Kremart Edition:
Prett fir lëschteg Iwwerraschungen an engem peppege Pop-up-Buch? Da lass! Well dat hei ass e Buch fir dran ze luussen, awer just wann ee sech traut! Et ass dat éischt Pop-up-Buch vu Kremart ... an et hieft een d’Klappe bannendra besser net op, well soss kéinten d’Dinosaurier undrécken! Déi fënnef faarweg Panoramasäite garantéieren en Heedespaass.

Wien huet d’Dinoe rausgelooss? Droleg Pop-uppen
Text: Sam Taplin
Pabeiertechnik an Design: Jenny Hilborne
Iwwersetzung: Luc Marteling
ISBN 978-2-919781-69-0 • 10 Säiten • 18 Euro