
De Jesus ass um Kräiz gestuerwen, gouf begruewen, ass operstanen, an an den Himmel opgefuer. Dat ass den Narrativ vun der Bibel, sou wéi mir e kennen. Mä wat wier, wann hien iwwerlieft a sech vu senge Blessuren erholl hätt? Wann de Prophet vun Nazareth villäicht souguer en neit Liewen ugefaangen hätt? Genee dat ass den Ausgangspunkt vum Claude Schmit sengem Roman “Yeshuah - une vie de Jésus après sa Crucifixion”. Am Interview erzielt den Auteur, wat hien un dem Thema gereizt huet a wéi e sech d’Figur vum Jesus als Mënsch virgestallt huet.
A sengem Roman “Yeshuah - une vie de Jésus après sa Crucifixion” erzielt de Claude Schmit eng alternativ Geschicht vum Jesus.
“Yeshuah - une vie de Jésus après sa Crucifixion”
Claude Schmit
erauskomm bei den éditions Phi
ISBN 978-2-919818-18-1
20€