Film vun der Woch"Now you see me now you don't" vum Ruben Fleischer

Loïc Tanson
Bal zéng Joer nom zweeten Deel vun der Filmrei, an där sech alles ëm d'Illusiounen dréint, kommen déi sougenannten „Horsemen“ mat hire spektakulären Zaubershowë nees op déi grouss Leinwand.
Film vun der Woch: "Now you see me now you don't" vum Ruben Fleischer
Bal zéng Joer nom zweeten Deel vun der Filmrei, kommen déi sougenannten „Horsemen“ mat hire spektakulären Zaubershowë nees an de Kino.

De Realisateur Ruben Fleischer (ZOMBIELAND) presentéiert am NOW YOU SEE ME NOW YOU DON’T eng nei Generatioun vun Illusionisten. De Bosco, d’June an den Charlie gi vum legendären J. Daniel Atlas rekrutéiert, fir e grousse Coup ze realiséieren. Zesumme mat den originalen „Horsemen“ solle si vun enger südafrikanesche Diamantenhändlerin, déi mat Krichsverbriecher a Mënschenhändler Geschäfter mécht, de gréissten Diamant op der Welt klauen.

Den drëtte Volet an dëser Saga, an där sech alles ëm Magier dréint, déi a beschter Robin Hood-Manéier versichen, d’Ongerechtegkeet op der Welt ze bekämpfen, ass absolutt iwwerluede mat all den Elementer, déi seng Virgänger ausgemaach hunn, an enger neier Besetzung, déi hei op déi al trëfft. Den Jesse Eisenberg, Woody Harrelson, Morgan Freeman oder nach d’Isla Fisher sinn nees mat derbäi an engem Heist-Film, dee weder developpéiert Personnagen huet, nach eng spannend Intrig. Eng Réi spektakulär Zeene suergen awer iwwert seng ganz Dauer fir liicht Ënnerhalung. Ervirhiewe muss een d’Rosamunde Pike, dat herrlech iwwerdriwwe béis als Haaptantagonistin eriwwerkënnt. Déi puer emotional Momenter wierken hirersäits nawell forcéiert, mee wann ee sech drop aléisst an einfach d‘Show genéisst, ass NOW YOU SEE ME NOW YOU DON’T gutt rythméierte Popcorn-Kino, dee kee groussen Androck hannerléisst, deen awer vun engem Zaubertrick op deen nächste fir Entertainment suergt.

Back to Top
CIM LOGO