RTL Hitmaschinn - Zeréck an d'Zäit1979 - Joerhonnert-Wanter zu Lëtzebuerg, Walkman & Life of Brian

Bob Konsbruck
All Sonndeg reest de Radio tëscht 9:00 an 11:00 musikalesch zeréck an d'Zäit.
© RTL Grafik

Lauschtert hei nach eng Kéier d’RTL Hitmaschinn vum Joer 1979:

Bei eis am Land hate mer deemools e Joerhonnert-Wanter wéi dacks gesot gëtt. Och nach ‘Snowpocalypse’ genannt. Also eng ‘Schnéikatastrof’ mat gutt 60 cm Schnéi am Norden a bal 30 op der Musel. Ugefaang hat dee Joerhonnert-Wanter kuerz virum Joreswiessel. Gedauert huet e bis wäit an de Februar 1979 eran.

Photo by RTL Today reader Hulya Halliwell
Photo by RTL Today reader Hulya Halliwell

De Schnéi a meterhéich Wicken hu verschiddene Regiounen vum Land isoléiert. Stroosse waren net befuerbar. En normaalt Liewe war op ville Plazen guer net méi méiglech. Stroumleitunge sinnn zesummegebrach. Et goufe Problemer mat der Versuergung ë.a. vu Liewensmëttel.

Dokteren an Ambulanze koumen nëmme schwéier un hiert Zil. D’Arméi huet missen agesat gi fir mat schwéierem Geschier d’Weeër fir d’Rettungsdéngschter fräi ze maachen. D’Baueren hate Problemer fir hir Déieren ze fidderen. D’Mëllech vun de Kéi konnt net ofgeholl ginn an huet missen ewech geschott ginn.

Schoule waren zou. Et sollt Wochelaang daueren bis déi Schnéimassen komplett geschmolt waren. Lëtzebuerg, grad ewéi vill weider Länner a Mëtteleuropa war paralyséiert.

Hitmaschinn 1979: Jorhonnert-Wanter

Mir kromen de Walkman mol erëm eraus. De K7te-Rekorder fir ënnerwee koum nämlech an deem Joer op de Maart.

Den 1. Juli 1979 fir genee ze sinn. A Japan, do wou d’Firma Sony Doheem ass. Den éischte kompakte K7te-Rekorder fir an d’Täsch huet de Genoss fir Musek ze lauschteren revolutionéiert. Mat 390 Gramm net ze schwéier an et konnt ee souguer zwee Kopfhörer drun uschléissen.

© afp

Entwéckelt gouf de portabele Musekplayer op Wonsch vum Sony-Matgrënner Masaru Ibuka deen op laange Reesen am Fliger seng Operen a gudder Qualitéit wollt lauschteren. An dat ouni e fette K7teSpiller musse mat ze schleefen.

De Walkman, ouni Funktioun fir opzehuelen an ouni Hautparleur war net vill méi grouss war wéi eng K7. Säin Numm huet et souguer an de berüümten Oxford English Dictionnary gepackt. Bis d’Joer 2010 gouf de Walkman 220 Millioune mol weltwäit verkaaft.

Haut ass et e Kultklassiker an dee Monty Python Film dee weltwäit am meeschte Suen an de Kinoen agespillt huet.
‘Life of Brian’ mam Kult-Song. ‘Always Look on the Bright Side of Life’ aus der Fieder vum Eric Idle, een aus der Monty Python Trupp nieft John Cleese, Terry Gilliam, Graham Chapman, Terry Jones an Michael Palin.

De satiresche Film krut villes virgeworf. Virun allem Blasphemie. An Irland, Schweden an a Südafrika war de Film verbueden. An do muss och de Brian duerch, deen an enger Hütt net wäit vum Jesus op d’Welt koum. Dat huet scho bei den Dräi Kinneke fir Duerchernee gesuergt an no villen onglécklechen Ëmstänn ass den, onfräiwëlleg als Messias veréierten einfache Mann dann um Kräiz gelant.

Haut ass et e Kultklassiker an dee Monty Python Film dee weltwäit am meeschte Suen an de Kinoen agespillt huet.

Back to Top
CIM LOGO