RTL Hitmaschinn - Zeréck an d'Zäit1997: Prinzessin Diana, Dolly, Mars Pathfinder

Loïc Juchem
All Sonndeg reest de Radio tëscht 9:00 an 11:00 musikalesch zeréck an d'Zäit.
D'Diana an den Charles 1987 an der Oper zu München
D'Diana an den Charles 1987 an der Oper zu München
© OBERTREIS / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

An der Nuecht vum 30. op den 31. August 1997 war d'Prinzessin Diana zesumme mat hirem Partner Dodi Al-Fayed ënnerwee, wéi hiren Auto am Tunnel beim Pont de l'Alma verongléckt.
Den Dodi an de Chauffeur stierwen op der Plaz. D'Diana gëtt nach an d'Spidol bruecht, mee och fir si kënnt all Hëllef ze spéit. Si gëtt just 36 Joer al. D'Nouvelle geet bannent kierzter Zäit ëm d'Welt. Virum Kensington Palace zu London leeën Dausende Mënsche Blummen nidder. D'Fra, déi vill Leit als Prinzessin vun den Häerzer kannt hunn, ass elo net méi do.

An der Nuercht vum 30. op den 31. August 1997 war d'Prinzessin Diana zesumme mat hirem Partner Dodi Al-Fayed ënnerwee.

An dobäi war d'Diana schonn zanter engem Joer offiziell vum deemolege Prënz Charles gescheet. Trotzdeem war si weiderhin eng vun de bekanntste Frae op der Welt. Net zulescht wéinst hirem Engagement fir karitativ Zwecker. De 6. September gëtt d'Diana zu London begruewen. Millioune Mënsche verfollegen d'Trauerfeier um Fernsee. Besonnesch emotional: Den Elton John séngt an der Westminster Abbey eng nei Versioun vu sengem Lidd Candle in the Wind. An och bal 30 Joer méi spéit gehéiert den Doud vun der Prinzessin Diana nach ëmmer zu deene Momenter, bei deene vill Leit ganz genee wëssen, wou si waren, wéi si d'Nouvelle héieren hunn.

E Schof, dat op eemol weltberüümt gëtt. Dat kléngt éischter no enger Kanner-Geschicht, mee 1997 ass genee dat geschitt. Den 22. Februar presentéiere Fuerscher aus Schottland der Welt hiert geklontent Schof Dolly. Dat éischt Mamendéier, dat erfollegräich aus enger Kierperzell vun engem erwuessenen Déier gekloont gouf. Gebuer gouf d'Dolly schonn de 5. Juli 1996, mee bis deen Ament wou d'Wëssenschaftler hir Resultater publizéiert hunn, ass d'Experiment geheim bliwwen. An hannert där Sensatioun stécht eng enorm Aarbecht. Fir d'Dolly ze kréien, waren 277 Versich mat rekonstruéierten Eeër néideg.

Um Enn ass just ee liewegt Lämmchen op d'Welt komm. Och den Numm Dolly hat eng kuriéis Geschicht. D'Schof gouf nämlech no der amerikanescher Country-Sängerin Dolly Parton benannt. Well d'Zell, aus där d'Dolly gekloont gouf, aus der Mëllechdrüs vun engem Schof koum, hunn d'Fuerscher sech e klenge Witz erlaabt – eng Uspillung op d’Brëscht vun der Sängerin.
D'Nouvelle suergt weltwäit fir Diskussiounen. Wann ee Schof ka gekloont ginn, kéint dat da geschwënn och bei engem Mënsch funktionéieren? D'Dolly selwer lieft nach bis 2003 am Roslin Institute a kritt souguer sechs Lämmercher. An och wann d'Dolly längst net méi lieft, huet dat klengt Schof d'Geschicht vun der moderner Wëssenschaft fir ëmmer verännert.

© AFP

De 4. Juli 1997 halen d'Wëssenschaftler vun der NASA den Otem un. No enger Rees vu bal siwe Méint duerch de Weltraum soll d'Raumsond Mars Pathfinder um roude Planéit landen. An dat ass alles anescht wéi einfach. Fir d'Landung méiglech ze maachen, kënnt fir d'éischt e Fallschierm an den Asaz. Kuerz iert se de Buedem um Mars beréieren blosen sech riseg Airbags op. D'Sond schléit op der Marsuewerfläch op, spréngt e puer Mol an d'Luucht a bleift schliisslech stoen. D'Landung ass gegléckt! U Bord ass och e klenge Roboter. Dëse fiert den Dag drop op der Uerwerfläsch vum Mars. De Roboter ass net méi grouss wéi eng Mikrowell, huet sechs Rieder a weit op der Äerd just ronn 10,6 Kilo.

Seng Missioun: Steng a Buedem ënnersichen an erausfannen, wéi de Mars opgebaut ass. An dat Besonnescht: De Roboter gëtt vun der Äerd aus gesteiert. Mee eng direkt Steierung ass onméiglech. D'Signaler brauchen nämlech e puer Minutten, bis se um Mars ukommen. Eigentlech soll de klenge Roboter just siwen Deeg funktionéieren. Um Enn hält e sech awer 83 Deeg laang. D'Missioun gëtt zu engem risegen Erfolleg a liwwert Dausende Biller vum roude Planéit.

Back to Top
CIM LOGO