No 5 Joer PausRockhal organiséiert 2027 erëm Open Air Shows

Bob Konsbruck
Die Fantastischen Vier, Sting, Angèle an ???.
No enger Paus vu 5 Joer organiséiert d'Rockhal nees Open Air Shows
© Steve Muller

2022 hat d'Rockhal fir den Open Air Belval d'Bün am Fräien opgeriicht an deemools Kënschtler wéi Imagine Dragons, The Killers a Black Eyed Peas op Lëtzebuerg bruecht. 5 Joer duerno ass een zu Esch erëm op de Goût komm, fir Musek un der frëscher Loft unzebidden. Scho méi laang gewosst ass jo, datt Die Fantastischen Vier mat hirer Farewell-Tour "Der letzte Bus" de 25. Juni 2027 op Esch kommen.

Op enger Pressekonferenz huet d'Rockhal den 19. Oktober weider Nimm fir 2027 bekannt ginn.

Lass geet et den 13. Juni 2027 mat ..... do muss ee sech nach bis de 26. Oktober 2026 gedëllegen.

De 15. Juni 2027 gesäit een dann de Sting mat Hits wéi Englishman in New York, Desert Rose oder Shape of my Heart um Open Air Belval.

Den 20. Juni 2027 kënnt déi belsch Sängerin Angèle, bekannt duerch Lidder wéi Balance ton quoi, Flemme an Ta reine.

An dann, wéi scho méi laang gewosst, de 25. Juni 2027 Die Fantastischen 4.

De Virverkaf op der Rockhal-Homepage fir de Sting fänkt den 30. Oktober 2026 um 10 Auer un, dee fir d'Angèle den 30. Oktober 2026 um 11 Auer.

Eigentlech sollten d'Kënschtler eréischt den 19. Oktober um 11:30 Auer bekannt ginn, d'Rockhal hat se awer schonn e bëssen éischter op hirem Site verroden.

Back to Top
CIM LOGO