RTL Hitmaschinn - Zeréck an d'Zäit1980: Pacman, CNN & ë.a. Reinhold Messner

Jean-Marc Turmes
All Sonndeg reest de Radio tëscht 9:00 an 11:00 musikalesch zeréck an d'Zäit.
© AFP/Archives/GABRIEL BOUYS

Lauschtert hei nach eng Kéier d'Hitmaschinn vum Joer 1980:

De japaneschen Entwéckler Toru Iwatani huet dat erreecht wat e wollt. E friddlecht a lëschtegt Spill mat Männercher wat sollt Spaass maachen. D'Inspiratioun fir den Design vun der Haaptfigur hat den Tüftler anscheinend wou en eng Pizza viru sech hat bei där e Stéck gefeelt huet. D'Spill sollt fir t'éischt 'Puck Man' heeschen, vum japanesche Wuert 'paku paku' wat beschreift wann ee séier de Mond op an zou mécht. Fir den amerikanesche Maart awer gouf den Numm a 'Pac-Man' ëmgeännert fir ze verhënneren, dass de 'P' duerch en 'F' géing verschampeléiert ginn.

De Prinzip vum Spill war sou einfach wéi et nëmme geet. Déi giel Figur huet missen an engem Labyrinth Punkte friessen. Gouf iwwerdeems awer vu 4 Geeschter verfollegt an dat sou laang bis se spéider selwer gefriess gouf. Einfach awer genial well de Succès war gigantesch. Pac-Man sollt all Ëmsaz-Rekorder briechen. Um Ufank konnt een d'Spill allerdéngs nach nëmmen op Spillautomate spillen. Duerno eréischt, ab 1982 koum d'Atari-Konsol Heem, och zu Lëtzebuerg. Nach Haut gëllt Pac-Man an Ëmfroen zu de bekanntste Video-Spillfigure vun der Welt a bis Haut ass dee giele Punktefriesser zäitlos Symbol fir den Ufank vun der moderner Gaming Ära.

Hitmaschinn 1980 Pac-Man

Enn den 1970er hat den amerikaneschen Medie-Mann Ted Turner déi revolutionär Visioun vun engem Tëlee-Sender deen exklusiv Noriichte géing bréngen. Kritiker hu bezweifelt, dass et genuch Fudder géing gi fir ronderëm d'Auer ze senden. Trotz Skepsis ass CNN, wat d'Ofkierzung ass fir Cable News Network den 1. Juni 1980 op Sendung gaang. Déi éischt Emissioun vun Atlanta huet ugefaang mat enger feierlecher Usproch vum Chef Ted Turner. Vun Ufank un huet de Sender drop gehal fir Live vun der Plaz ze senden. Chapeau huet et geheescht wou CNN 1981 als Éischten live vum Attentat op den US-President Ronald Reagan bericht huet.

Den definitiven internationalen Duerchbroch koum e Joer méi spéit wou CNN als eenzege Sender live aus engem Hotelszëmmer aus dem bombardéierte Bagdad gesent huet. Si si bei der Challenger-Katastrof dobäi bliwwen ouni eng Minutt ze verpassen. Hunn non-stop vun der Berliner Mauer bericht wou déi gefall ass. Golfkrich, 9/11 vill Leit hunn op CNN verfollegt wat an der Welt geschitt ass. D'Mënschheet war bis zum Ufank vun deem 24-Noriichte-Sender keng esou spektakulär Biller gewinnt. An d'Success-Story ass weider gaang. CNN war iwréiens och de Sender op deem de Larry King 1985 mat senger Talkshow, déi sech iwwer e véierels Joerhonnert do sollt zéien ugefaangen huet. Am Joer 1985 huet CNN och International lassgeluecht mat engem moossgeschneiderte Programm fir déi ganz Welt.

Hitmaschinn 1980: CNN

Sophie & Magaly, déi zwou franséisch Schwësteren si mat hirer Kompositioun vun ë.a. dem Ralph Siegel wéi gesot déi 9t ginn. Gewonne gouf den ESC dat Joer eng éischte Kéier vum Johnny Logan an dem Lidd 'What's another Year'. Fir kuerz bei der Musek ze bleiwen. Och an deem Joer, 1980 war den Udo Lindenberg mat sengem Panic-Orchester zu Déifferdeng a 'The Cure' ware live zu Rodange.

1980 war awer och dat Joer wou de Reinhold Messner als Éischten iwwerhaapt ouni zousätzleche Sauerstoff op de Mount Everest geklommen ass.

De Rubik's Cube, deen zwar scho 6 Joer virdrun erfonnt gouf, huet am Summer 1980 ënner anerem och Lëtzebuerg eruewert.

Am Kino ass 'Star Wars - The Empire Strikes Back' gelaf. Op der Tëlee 'Dallas'.

Als traureg Anekdot gëllt ze zielen, dass de Golfkrich an deem Joer ugefaangen huet. Respektiv, dass den John Lennon um Enn vum Joer erschoss gouf.

Hitmaschinn 1980: Wat war lass?

Back to Top
CIM LOGO